Skip to main content

Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2024/25

Page 1


AGENDA September 2024 - Juli 2025

Oktober: Mount vum Bongert

Feiert zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall déi fir d’Regioun esou wichteg Bongerten. Erlieft d’Bongerten op eng villfälteg Aart a Weis, souwuel vun hirer ökologescher wéi och kulinarescher Säit.

Op eiser Websäit fannt dir weider Informatiounen zum Mount vum Bongert an allen ugebuedenen Aktivitéiten:

© NGPM/Caroline Martin, Anne Lommel

Wëllkomm am Natur- & Geopark Mëllerdall

Zanter Abrëll 2022 ass d’Regioun Mëllerdall als UNESCO Global Geopark unerkannt. Dësen Titel deele mir mat 212 anere Geoparken uechter d’ganz Welt, déi sech och alleguer duerch hire besonnesche geologeschen, natierlechen, kulturellen an immaterielle Patrimoine an eng nohalteg Regionalentwécklung auszeechnen. Fir eist Ierwe fir all Mënsch erliefbar ze maachen, bidde mir an dëser Broschür eng sëllegen Aktivitéiten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher un. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken a Matmaachen!

Bleift um Courant op folgende Säiten:

www.naturpark-mellerdall.lu/events www.naturpark.lu/events www.facebook.com/naturparkmellerdall

Umeldungen (wann net anescht uginn):

Op eisem Site fannt dir bei der jeeweileger Aktivitéit e Link fir iech unzemellen. Bei Froe sti mir iech telefonesch zur Verfügung: +352 26 87 82 91.

Wann dir iech umellt gitt dir gewuer wou de genauen Treffpunkt ass. Wann d’Wieder schlecht ass oder mir net genuch Umeldungen hunn, kann et sinn, dass eng Aktivitéit muss ofgesot ginn.

Merci fir äert Versteesdemech!

9:00-12:00 Beaufort, Berdorf ou Echternach

2024 Dréchemaueren entdecken

9:00-12:00 Beefort oder Rouspert

21.9.2024 Loschbourtour

8 14:00-17:00 Hiefenech gratis Oktober Mount vum Bongert

2024 an der ganzer Regioun

6.10.2024 Geosite vum Joer: Wanterbaach-Siweschlëff S. 9 9:30-12:30 Bäertrëf gratis

13.10.2024 Baachen & Flëss entdecken S. 9 14:00-18:00 Beefort gratis 19.10.2024 Tageswanderung um Echternach

ab 11:00 Echternach

19.10.2024 Zeechen um ale Steen

14:00-16:30 Iechternach

8.11.2024 Vortrag: Pfahlbauten der Schweiz S. 10 19:00-20:30 Müllerthal gratis

10.12.2024 Vortrag: Mëllerdall UNESCO Global Geopark “On the Rocks” S. 10 18:30-20:00 Luxemburg Stadt

4.1.2025 Fir Kanner: Liederverarbechtung am Duo

Hierber

Vum Lieder zum Rimm/Portmonni

7.2.2025 Fir Kanner: Liichten am Bësch

Kierfméchercours

Auf den Spuren der Schmalspurbahn S. 14 13:30-16:30 Beaufort gratis

22.2.2025 Wëllbeienhëllef: Insektenhotel

15 14:00-16:00 Schous gratis

1.3.2025 Das geologische Echternach S. 15 9:00-12:00 Echternach gratis

1.3.2025 Motorseecours S. 16 8:30-16:30 Marscherwald 75 €

7.3.2025 Uebstbamschnëtt: al Beem S. 16 14:00-16:00 Bech

15.3.2025 Uebstbamschnëtt: jonk Beem

9:00-12:00 Waldbëlleg

16.3.2025 Saatgutbörse 2025 S. 17 12:00-17:00 Beefort gratis

23.3.2025 Vu Faustkeil bis Millesteen S. 17 14:00-18:00 Mëllerdall gratis

28.3.2025 Liichtwanderung S. 17

18:30-20:30 Konsdrëf gratis

10.4.2025 Kaffee Genussreise S. 18 16:00-19:00 Echternach 29,90 €

26.4.2025 Wëllkraiderwanderung & Degustatioun S. 18 14:00-16:30 Beefort 30 €

26.4.2025 Season Opening Wanderung S. 18 ab 11:00 Beaufort op Ufro

10.5.2025 Wëllkraiderwanderung & Degustatioun

19 14:00-16:30 Iechternach 30 €

17.5.2025 Geschichtstour Bäertrëf S. 19 14:00-17:00 Bäertrëf gratis

18.5.2025 Fir Kanner: Iesel- & Wëllkraiderwanderung S. 19 10:00-13:00 Beefort 20 €/Kand, 40 €/Erwuessenen

24.5.2025 Insektefrëndlech Gäert: Wëllstauden S. 20 14:00-15:30 Beefort gratis

31.5.2025 Vu Broochen an Insekten S. 20 14:00-16:00 Rippeg gratis

2.-8.6.2025 Mëllerdall Days S. 20 an der ganzer Regioun

7.6.2025 Wëllkraiderwanderung & Degustatioun

7.6.2025 Séisselcours

9:00-11:30 Beefort

7.6.2025 Fir Kanner: Naturrallye

9:30-13:00 Fëschbech 5 €

29.6.2025 Alternative Maart am Gaart S. 22 10:00-17:00 Beefort gratis

10.7.2025 Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem S. 22 14:00-16:00 Waldbëlleg 5 €

19.7.2025 Aktioun Sprangkraut S. 22 9:00-12:00 Grondhaff gratis

Weider Coursen Kulturhaff Millermoler www.kumimo.lu

lëtzebuerger Jugendherbergen www.youthhostels.lu

regionalen Tourismusverband www.mullerthal.lu/ Regioun Mëllerdall (ORT MPSL) de/entdecken/gefuerhrte-touren

Aquatower www.aquatower-berdorf.lu

Generatiounsgaart Beefort www.facebook.com/ GeneratiounsgaartBeefort LU DE FR EN = barrierefräi = Sprooch vum Cours

Op Besuch bei eisen Nopeschgeoparken!

Maaren am Natur- & Geopark Vulkaneifel

Daucht an an déi mystesch Welt vun de Vulkanséien - och bekannt als „Ae vun der Eifel“. Entdeckt d’Gemündener Maar, d’Weinfelder Maar an d’Schalkenmehrener Maar um Rondwanderwee HeimatSpur MaareGlück, dee fantastesch Vuen an natierlech Erfrëschungsméiglechkeete bitt.

Domaine Grottes de Han am Geopark Famenne-Ardenne

Erlieft en ënnerierdeschen Ausfluch an d’Stalaktittenhiel vun Han - eng vun de schéinsten Hielen an der Belsch. Mat beandrockende Stalaktitten a groussaartege Sailen ass se en onvergiesslecht Erliefnis fir déi ganz Famill!

© Naturund Geopark Vulkaneifel
© Domaine des Grottes de Han

Holywood

Découvrez la nature comme vous ne l’avez jamais vécue et partez à une immersion en forêt en vue d’apprendre et d’expérimenter l’impact de la nature sur l’humain.

14.9., 26.10.2024 9:00-12:00 16.11., 7.12.2024 25 €

FR

Beaufort, Berdorf à rapporter: petite couverture, gobelet, ou Echternach chaussures et vêtements adaptés

Inscriptions: info@naturalminds.lu

Dréchemaueren entdecken

Op enger Wanderung laanscht moleresch Dréchemauere gitt dir allerlee iwwer dës al Handwierkskonscht, déi zum lëtzebuerger immaterielle Kulturierwen zielt, gewuer. Duerno kënnt dir aktiv bei klengen Entretiensaarbechte mathëllefen. Domat drot dir en Deel dozou bäi, dass dës Maueren och weiderhin an eiser Landschaft hiren Zweck erfëlle kënnen!

14.9., 16.11.2024 26.10., 7.12.2024 9:00-12:00 Beefort Rouspert Hëlt 10 €

LU DE FR EN

Champignonstour

matbréngen: Händchen, Secateur, fest Schong

Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Champignonsexpert Norbert Valmorbida a mam Fierschter Tom Giefer op d’Sich no Iesscham pignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäer kung - natierlech mat Champignonen zoubereet!

21.9.2024 14:00-18:00 Mompech 10 €

LU

matbréngen: Kuerf, Messer

Loschbourtour

Kommt mat op eng laang Wanderung vun Hiefenech op de prähistoresche Site Loschbour, wou ënnert engem mächtege Fiels bei der Schwaarzer Iernz déi zwee eelst „Lëtzebuerger*innen“ fonnt gi sinn. Dir gitt dobäi begleet vu Memberen aus der Gesellschaft fir Urgeschicht, déi iech d’Fuerschungen iwwer des 9000 an 8000 Joer al Griewer méi no bréngen.

21.9.2024 14:00-17:00 Hiefenech gratis ab 15 Joer matbréngen: fest Schong

LU DE FR EN

OKTOBER: MOUNT VUM BONGERT

D’Bongerte sinn en essentielle Bestanddeel vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall. Si definéieren eis Kulturlandschaft a sinn en immens wichtege Liewensraum fir eng ganz Rëtsch Déieren a Planzen.

Den Natur- & Geopark setzt sech fir d’Erhalen an d’Neiplanze vun dësen aarteräiche Biotopen an a wëll ee Mount am Hierscht notzen, fir de Liewensraum Bongert esou richteg ze feieren.

Wärend dësem Mount ginn eng Rei Aktivitéite ronderëm d’Thema Bongerten ugebueden. Ausserdem informéiere mir iwwer déi traditionell Quetschen- a Vizfester, déi och an dësem Zäitraum stattfannen.

All d’Aktioune fannt dir op eisem Internetsite.

© NGPM/Caroline Martin

Geosite vum Joer: Wanterbaach-Siweschlëff

Am Kader vum Geodiversity Day organiséiere mir eng ca 4 km laang Wanderung duerch de Geosite vum Joer: Wanterbaach-Siweschlëff.

Weider Veranstaltungen, déi am Kader vum Geodiversity Day uechter d‘Land stattfanne fannt dir op eisem Site.

6.10.2024 9:30-12:30

Bäertrëf gratis

LU

matbréngen: fest Schong

Baachen & Flëss entdecken

D’Waasser vun de Baachen huet schonn ëmmer d’Däller an eis ganz Landschaft geformt. Op eisem interaktive Modell kënnt dir déi entspriechend Prozesser an de Baachen a Flëss gutt beobachten. Bei enger ca 5 km laanger Wanderung um Geo-Pad Haupeschbaach an Halerbaach kucke mir eis dat Ganzt dann um Terrain un. Kanner ab 8 Joer sinn och wëllkomm.

13.10.2024 14:00-18:00 Beefort gratis

LU DE DE

Tageswanderung um Echternach

Am Samstag, den 19. Oktober findet eine ganztägige, geführte Wanderung von etwa 15 km rund um Echternach statt. Im Anschluss wartet ein 3-Gänge-Menü in der Jugendherberge Echternach auf die Teilnehmenden.

19.10.2024 ab 11:00 Echternach

LU DE FR EN

53 € (inkl. Menü)

49 € (für Mitglieder, inkl. Menü) mitbringen: angepasste Kleidung & Schuhe, Picknick & Wasser

Anmeldungen: animation@youthhostels.lu oder +352 26 27 66 200

Zeechen um ale Steen

Als Verglach zu den Spueren op de Fielsen am Bësch, kucke mir an der Stad no historesche Schäifrillen, Schabmulden, Steemetz- a Waasserstandszeechen op ale Gebaier. Dir gitt gefouert vu Membere vun der Société préhistorique luxembourgeoise.

19.10.2024 14:00-16:30 Iechternach gratis

Vortrag: Pfahlbauten in der Schweiz - Froschschenkel, Trüffel & Fischbandwurm

Der Archäologe Urs Leuzinger führt auf eine spannende Zeitreise in die Jungsteinzeit und stellt die „steinreiche“ Vergangenheit an den Schweizer Seeufern vor. Neben Steinbeilen und Pfeilspitzen werden aber auch 5.500 Jahre alte Holztassen, Angelschnüre und Fischbandwürmer vorgestellt. Anschließend lädt die Société préhistorique luxembourgeoise noch auf einen kleinen Umtrunk ein.

8.11.2024 19:00-20:30 Müllerthal gratis

Vortrag: Mëllerdall UNESCO Global Geopark „On The Rocks“

In diesem Vortrag erfahrt ihr, wie im Laufe der Erdgeschichte in der Region des Mëllerdall UNESCO Global Geoparks verschiedene mineralische Rohstoffe entstanden, die u. A. als Bausteine oder für Töpferwaren genutzt wurden und so zur wirtschaftlichen Entwicklung der Region beitrugen.

10.12.2024 18:30-20:00 Luxemburg Stadt gratis

Anmeldungen: www.mnhn.lu

Fir Kanner: Liederverarbechtung am Duo

Liederverarbechtung ass en uraalt Handwierk wat méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, da kënnt dir dat elo mat ärem Kand zesumme maachen. Déi erwuesse Persoun mécht e Rimm oder Portmonni an d‘Kand eng Bourse oder e Porte-Clé (a Päerds- oder Hondsform).

4.1.2025 13:30-17:00 Hierber 100 €/Duo

ab 6 Joer a Begleedung

LU DE FR

Vum Lieder zum Rimm/Portmonni

Liederverarbechtung ass en uraalt Konschthandwierk. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genee dat Richtegt. Am Atelier Atout Cuir kënnt dir ënner professioneller Leedung selwer e Rimm oder e Portmonni hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt.

11.1.2025 13:30-17:00

Hierber 75 €

LU DE FR

Fir Kanner: Liichten am Bësch

Am Bësch bastelt dir mat de Fierschtere Joé Mensen an David Farinon e Lampion an duerno gitt dir an de Bësch liichten. Loosst iech iwwerrasche vun der spannender Atmosphär vum Bësch am Däischteren!

Nom Liichte gëtt et eng Klengegkeet z’iessen.

7.2.2025 18:00-20:00

Marscherwald 5 €

matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

Geo-Pied

Entdeckt ganz extra Wanderweeër bei d‘Geosite vum Mëllerdall UNESCO Global Geopark, déi et erméiglechen an d‘Äerdgeschicht anzetauchen!

Geo-Pad Hëlt

4 km

2 h

mëttel

Sauerpark Rosport

Geo-Pad Haupeschbaach-Halerbaach

5 km

2 h

mëttel

Parking Härewiss Beaufort

Eng Wanderung op dësem Geo-Pad léisst sech perfekt mat engem Besuch an der Geo-Expo zu Beefort kombinéieren. An dëser interaktiver Ausstellung gëtt d‘Entsteeung vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall thematiséiert.

Den Entrée ass fräi.

UNESCO Global Geopark

Eis Regioun ass zanter 2022 offiziell en UNESCO Global Geopark. Dëst Netzwierk besteet aus 213 Memberen aus 48 Länner.

UNESCO Global Geoparks si Regioune mat engem geologeschen Ierwe vun internationaler Bedeitung. D’Geologie an all aner regional Eegenaarten droen dozou bäi d’Bevëlkerung an hir Gäscht fir d’Ëmwelt ze begeeschteren an déi regional Identitéit ze stäerken. Dëst geschitt an engem ganzheetlechen Asaz vu Schutz, Bildung an nohalteger Regionalentwécklung.

Wann dir wëllt méi iwwer d’UNESCO Global Geoparks gewuer ginn, da kënnt dir op hirem Site nokucken: https://globalgeoparksnetwork.org/

RosportMompach
Reisdorf

Kierfméchercours

D‘Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir vum Gabi Jacqué gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf. Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d‘Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.

8.+9.2.2025 9:00-16:00

Hemstel 160 €

ab 16 Joer

matbréngen: Secateur, Täschemesser, Hummer

LU DE FR Praffcours

Fir ze verhënneren, dass seelen Uebstzorte verschwannen, kann een Äscht vun dësen Zorten (Gammen) op Beemercher vun aneren Zorte praffen. Dës verwuesse mateneen an als Resultat produzéiert de fäerdege Bam duerno dat seelent Uebst. An dësem Cours verrode mir iech wéi dat geet. Wie wëll, ka seng eegen Äscht matbréngen (bei der Umeldung wegl uginn) an duerno kënnt dir natierlech är gepraffte Beemercher mat Heem huelen!

14.2.2025 19:00-22:00 Bäertrëf 20 €

ab 12 Joer

LU

DE

matbréngen: Praffmesser (wien eent huet)

Auf den Spuren der Schmalspurbahn

Im Rahmen der Ausstellung „Luxembourg on the Rocks“ vom Nationalmuseum für Naturgeschichte folgen wir den Spuren der ehemaligen Schmalspurbahn „Josy“ von Beaufort in die Sandsteinbrüche von Dillingen und Beaufort. Dabei begegnen wir auf einer Strecke von etwa 6 km hoch über dem Sauer tal zahlreichen Zeugnissen der geologischen Entwicklung, der Natur- und der Kulturlandschaft.

15.2.2025 13:30-16:30 Beaufort gratis ab 8 Jahren

DE

Martin
NGPM/Anna Voelske

www.insekten.lu

Hei fannt dir eng Rëtsch Informatiounen iwwer d’Biologie vun den Insekten, eisen Insekteschutzprojet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg - (een) Insekteräich“ an hëllefräich Tipps, wéi dir äre Gaart méi insektefrëndlech gestalte kënnt!

Wëllbeienhëllef: Insektenhotel

Bei kaaften Insektenhoteller ass sou munches dobäi dat fir Wëllbeie keen Notzen huet. Zesumme bastele mir Nisthilfen déi speziell un hir Bedierfnesser ugepasst sinn an dir léiert, wéi dir bestoend Nisthilfen ausbessere kënnt. Dobäi ginn et eng Rëtsch Tipps wat dir soss am Gaart an um Balcon kënnt maache fir den Insekten ze hëllefen. Kanner ab 6 Joer sinn och wëllkomm.

22.2.2025 14:00-16:30 Schous gratis matbréngen: Händchen

LU DE

Das geologische Echternach

Im Rahmen der Ausstellung „Luxembourg on the Rocks“ vom natur musée entdecken wir auf einer Tour durch Echternach die vielfältigen natürlichen Bausteine, die den Lebensraum Stadt mit der Erdgeschichte des Mëllerdall UNESCO Global Geoparks und weiterer Regionen weltweit verknüpfen. Diese steinernen Bruchstücke machen unsere geologische Vergangenheit greifbar.

1.3.2025 9:00-12:00 Echternach gratis ab 12 Jahren

DE

Motorseecours

De Marc Hermes vum CNFPC weist an dësem Cours, wéi dir richteg a virun allem sécher mat enger Motorsee ëmgitt. Fir d‘éischt gëtt eng theoretesch Aféierung gemaach an duer no kënnt dir mat der Motorsee Brennholz opschaffen. Wien eng eege Motorsee huet, kann déi roueg matbréngen.

LU 1.3.2025 8:30-16:30 Marscherwald 75 €

ab 18 Joer matbréngen: Sécherheetskleeder (weider Detailer kritt dir bei der Umeldung), Picknick

Uebstbamschnëtt: al Beem

Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegelméisseg geschnidde ginn. Wéi dat richteg gemaach gëtt, weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

7.3.2025 14:00-16:00 Bech 5 €

LU DE

Uebstbamschnëtt: jonk Beem

Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss e mat Zäite geschnidde ginn. Wéi dir dat richteg maacht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours vum Claude Petit vum Natur- & Geopark gewuer.

15.3.2025 9:00-12:00 Waldbëlleg 5 €

LU DE

Saatgutbörse 2025

Op dësem Dag luet de Generatiounsgaart zu Beefort op hir Somebourse an! Hei kënnt dir Produzent*inne kenneléieren, eege Somen tauschen oder jonk Planze kafen. Entdeckt al an onbekannt Geméiszorten, gitt méi iwwer alternativ Ubaumethode gewuer an tauscht är Tipps & Tricks mat anere Gaardebegeeschterten!

16.3.2025 12:00-17:00 Beefort gratis

Vu Faustkeil bis Millesteen

Unhand vu Beispiller aus dem Mëllerdall léiert dir prehistoresch Steenartefakte richteg ze erkennen, ze bestëmmen an zäitlech an di mënschlech Urgeschicht anzeuerdnen. Dobäi gitt dir och gewuer, wéi dir iech sollt verhale wann dir esou eppes fannt fir dass et och ka richteg dokumentéiert a geschützt ginn.

23.3.2025 14:00-18:00 Mëllerdall gratis matbréngen: Bläistëft, Blieder LU DE FR

Liichtwanderung

Ëmmer wann et däischter gëtt, ginn nuetsaktiv Déieren a Planze waakreg. Si hu sech dem Liewen an der Däischtert ugepasst. Mat eiser Nuetswanderung wëlle mir e bësse Liicht an dat faszinéierend Liewen an der Däischtert bréngen. Nieft Informatiounen iwwer nuetsaktiv Déieren a Planze gëtt d‘Nuetswanderung och Ablécker an d‘Themen Energie a Liichtverschmotzung.

28.3.2025 18:30-20:30 Konsdrëf gratis

LU

© NGPM/Pierre Haas
© Annick Feipel

Kaffee Genussreise

Unser Partnerbetrieb Mondo del Caffè lädt euch ein, die Welt des Kaffees zu entdecken! Bei einer Tour durch die Rösterei erfahrt ihr alles über Geschichte, Anbau, Ernte und Zubereitung des Kaffees. Anschließend wird gemeinsam Kaffee geröstet und verkostet. Kinder sind auch willkommen. Dieser Kurs findet übrigens an jedem Donnerstag statt!

10.4.2025 16:00-19:00 Echternach 29,90 €

LU DE EN

Anmeldungen: info@mondodelcaffe.de oder +352 26 72 03 60

Wëllkraiderwanderung & Degustatioun

Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d‘Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht.

26.4.2025 14:00-16:30 Beefort 30 €

LU

matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, Dessertschossel

Season Opening Wanderung

Das Animationsteam der Jugendherberge Beaufort organisiert eine ganztägige, geführte Wandertour rund um Beaufort. Die Tagesetappe ist ca 18 km lang, für geübte Wanderbegeisterte und hat als Ausgangspunkt und Ziel die Jugendherberge in Beaufort. Nach der Wanderung erwartet die Teilnehmenden ein leckeres Abendessen in der Jugendherberge.

26.4.2025

Beaufort

ab 11:00

Preis auf Anfrage

Anmeldungen: animation@youthhostels.lu

Wëllkraiderwanderung & Degustatioun

Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d‘Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht. Dës Féierung ass och fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit méiglech.

10.5.2025 14:00-16:30 Iechternach 30 €

LU

matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, Dessertschossel

Geschichtstour Bäertrëf

Kommt mat op eng laang historesch a prehistoresch Wanderung ronderëm Bäertrëf. Vum Touristcenter beim Maartbësch geet et laanscht de Fortress Hotel Memorial bei d’Kéiserei an dann an d’Kierch, de Viergötterstein besichtegen. Duerno gi mir weider bei den Abri Dolibois a bis an d’Huel Lee an d’Breechkaul. Geféiert gitt dir vu Memberen vun der Société préhistorique luxembourgeoise asbl.

17.5.2025 14:00-17:00 Bäertrëf gratis matbréngen: fest Schong

LU DE FR EN

Fir Kanner: Iesel- & Wëllkraiderwanderung

Zesumme mat den Ieselen an der Ënnerstëtzung vun der Reitpedagogin Alex Trentin wandere mir duerch de Beeforter Bësch. Ënnerwee ginn et Erklärunge vun der Kraiderpedagogin Sandra Leoni a mir maachen eng kleng Paus fir ee gemittleche Picknick mat Degustatioun vu Kraidersnacks. Fir Famillje mat Kanner ab 6 Joer, Hënn sinn net erlaabt.

18.5.2025 10:00-13:00 Beefort 20 €/Kand (bis 12 Joer) 40 €/Erwuessenen matbréngen: ugepasste Kleeder, fest Schong, Picknick

LU

© NGPM/Photostudio C. Bosseler
© Alex Trentin
© NGPM/Anna Voelske

Insektefrëndlech Gäert: Wëllstauden

All Mënsch ka sech duerch kleng Aktiounen asetze fir eis Bestëbserinsekten ze schützen an ze fërderen. An dësem Workshop gitt dir gewuer op wat dir beim Plangen, beim Kaf a beim Planze vu bestëbserfrëndleche Stauden oppasse musst. Dono kënnt dir äert Wësse praktesch uwenden an är eege Blummendëppen individuell mat Staude beplanzen.

24.5.2025 14:00-15:30 Beefort gratis

DE

matbréngen: Blummendëppen

Vu Broochen an Insekten

Am Kader vun de B&B Action Weeks proposéiere mir eng Visitt an enger Brooch zu Rippeg. Hei sinn an de leschte Joren Naturschutzaarbechten duerchgefouert ginn. Enn Mee steet dës moer Wiss a voller Bléi, wat natierlech och enge sëllegen Insekte gefält. Mir kucken zesumme wéi eng Aarten sech hei wuel fillen an dir kritt eng kleng Aweisung an d’Bestëmmungsapp iNaturalist. Kanner ab 7 Joer sinn och wëllkomm.

31.5.2025 14:00-16:00 Rippeg gratis

LU DE FR EN

MËLLERDALL DAYS

Vum 2. bis den 8. Juni sinn an der ganzer Regioun d’Mëllerdall Days. Hei fannen eng Rëtsch Aktivitéite statt, déi sech all ëm d’Themen Nohaltegkeet, liewege Patrimoine an eist geologescht, natierlecht a kulturellt Ierwen dréien.

Den Detail vun der Programmatioun a ganz vill weider Informatiounen iwwer eis flott Regioun fannt dir op eisem Internetsite. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken!

2.-8.6.2025

LU

Wëllkraiderwanderung & Degustatioun

Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d‘Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht.

7.6.2025 10:00-12:30

Beefort

LU

Séisselcours

30 €

matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, Dessertschossel

Mat der Séissel méien ass besonnesch insekteschounend an eegent sech gutt fir d‘Fleeg vu Blummewisen. Léiert zesumme mat eis den Ëmgang mat der Séissel a wéi dir se duerch Schläifen an Dengele laang schaarf hale kënnt.

7.6.2025

9:00-13:30

Beefort gratis

LU DE FR

matbréngen: fest Schong, Händchen, Picknick, Séissel (wien eng huet)

Fir Kanner: Naturrallye

Ronderëm Fëschbech léisst sech allerhand Spannendes entdecken: Wat huet de Mann aus Eisen ze erzielen, den nieft de Weiere steet? Wou läit dem Napoleon säin Hutt? Hei ginn d’Kanner bei engem Tour op vill Detailer an der Natur opmierksam gemaach!

7.6.2025 9:30-13:00 Fëschbech gratis ab 6 Joer a Begleedung

LU DE

Alternative Maart am Gaart

De Generatiounsgaart zu Beefort luet iech all op hire Maart am Gaart an. Dësen Dag fannt dir alles zum Thema nohaltegen an ökologeche Liewensstil, naturno Materialien, Do It Yourself, RécupArt, 0-Offall, aalt Handwierk a villes méi. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt.

29.6.2025 10:00-17:00 Beefort gratis

Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem

Fir vill a schéint Uebst ze kréie, mussen och Spaléierbeem reegelméisseg richteg geschnidde ginn. Wéi dat geet weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

3.7.2025 14:00-16:00 Beefort 5 €

Aktioun Sprangkraut

Laanscht de Wanderwee an der Saueruecht huet sech viru kuerzem d’Sprangkraut ausgebreet. Dës Planz ass viru laanger Zäit wéinst hire schéine Bléien importéiert ginn. Leider ass se aus de Gäert ausgebrach a fillt sech e bëssen ze wuel an eise Bëscher a laanscht d’Baachen. Kommt mat op e sportleche Moie fir den Naturschutz! Kanner sinn och wëllkomm.

19.7.2025 9:00-12:00 Grondhaff gratis

LU

LU DE DE FR EN

Sie finden alle Informationen auf deutsch auf unserer Internetseite. Vous trouverez toutes les informations en français sur notre site web. You can find all the information in english on our website. www.naturpark-mellerdall.lu

Geosite vum Joer 2024

Vill Biodiversitéit op enkem Raum: Wanterbaach-Siweschlëff

D’Regioun ronderëm d’Wanterbaach an d’Siweschlëff ass eng vun de beandrockendste Plazen am Lëtzebuerger Sandsteen. Déi steil Fielswänn an enk Schlëff schafen e speziellt Mikroklima wat eng aussergewéinlech räich Biodiversitéit erméiglecht. Hei wuessen op enkstem Raum immens vill verschidden Aarte vu Faren a Mooser, wouduerch dës Plaz international bekannt ass.

Donieft ass dëse Site och eng ganz beléift Plaz fir déi Sportbegeeschtert: hei kann ee gemittlech wanderen, Mountainbike fueren an esouguer klamme goen (mat enger Lizens).

Weider Geositten op www.naturpark-mellerdall.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook