Skip to main content

Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2023/24

Page 1

September 2023 - Juli 2024

EISEN NATUR- & GEOPARK ! FIR JIDDEREEN EPPES DOBÄI…
© NGPM/Anna Voelske

Mount vum Bongert

Mëtt September – Mëtt Oktober

Feiert zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall déi fir d’Regioun esou wichteg Bongerten. Erlieft d’Bongerten op eng villfälteg Aart a Weis, souwuel vun hirer ökologescher wéi och kulinarescher Säit.

Op eiser Websäit fannt dir weider Informatiounen zum Mount vum Bongert an allen ugebuedenen Aktivitéiten:

© NGPM/Caroline
Martin, Anne Lommel

Wëllkomm am

Natur- & Geopark Mëllerdall

Säit Abrëll 2022 ass eis Regioun als UNESCO Global Geopark unerkannt. Dësen Titel deele mir mat 194 anere Geoparken uechter d’ganz Welt, déi sech och alleguer duerch hire besonnesche geologeschen, natierlechen, kulturellen an immaterielle Patrimoine an eng nohalteg Regionalentwécklung auszeechnen. Fir eist Ierwe fir all Mënsch erliefbar ze maachen, bidde mir an dëser Broschür eng sëllegen Aktivitéiten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher un. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken a Matmaachen!

Bleift um Courant op folgende Säiten:

www.naturpark-mellerdall.lu/events

www.naturpark.lu/events

www.facebook.com/naturparkmellerdall

Umeldungen (wann net anescht uginn):

T +352 26 87 82 91

oder info@naturpark-mellerdall.lu

Wann dir iech umellt gitt dir gewuer wou de genauen Treffpunkt ass. Wann d’Wieder schlecht ass oder mir net genuch Umeldungen hunn, kann et sinn, dass eng Aktivitéit muss ofgesot ginn.

Merci fir äert Versteesdemech!

3
4 9.9.2023 Kräuterkrimi S. 7 10:00-13:00 Beefort 38 € 15.9-15.10. Mount vum Bongert S. 7 2023 an der ganzer Regioun 23./30.9.+7.10. Insektefrëndlech Gäert: e Weier uleeën S. 8 9:00-14:00 Iechternach gratis 24.9.2023 Champignonstour S. 9 14:00-18:00 Mompach 10 € 25.9.2023 Klibbermécher S. 9 16:30-20:30 Waldbëlleg gratis 26.9.2023 Klibbermécher S. 9 14:30-18:30 Waldbëlleg gratis 30.9.2023 Loschbourtour S. 9 14:00-17:00 Hiefenech gratis 30.9.-1.10.2023 Harvest Days S. 10 12:00-18:00 Bur gratis 7.10.2023 Geosite vum Joer: Haupeschbaach-Halerbaach S. 10 9:30-12:00 Beefort gratis 14.10.2023 Baachen a Flëss entdecken S. 10 14:00-18:00 Beefort gratis 21.10.2023 Naturno Gäert S. 11 14:00-16:00 Beefort gratis 13.1.2024 Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni S. 14 13:30-17:00 Hierber 75 € 13.1.2024 Wassail S. 15 17:00-20:00 Bur 40 € 20.+21.1.2024 Kierfméchercours S. 15 9:00-16:00 Hemstel 145 € 2.2.2024 Praffcours S. 15 19:00-22:00 Bäertrëf 20 € 2.2.2024 Uebstbamschnëtt: al Beem S. 16 13:00-16:00 Dickweiler 5 € 24.2.2024 Wëllbeien hëllefen: Insektenhotel S. 16 14:00-17:00 Beefort gratis 2.3.2024 Motorseecours S. 16 8:30-16:30 Marscherwald 75 € 9.3.2024 Aféierung an d’Ur- & Fréigeschicht S. 17 10:00-17:00 Waldbëlleg gratis 16.3.2024 Uebstbamschnëtt: jonk Beem S. 17 9:00-12:00 Hiefenech 5 € 21.3.2024 Drëppendegustatioun S. 17 19:00-21:30 Hierber 45 € 7.4.2024 Visite guidée & Tasting um Cider Haff S. 18 14:00-16:00 Bur 18 € 27.4.2024 Wander Season Opening S. 18 10:45-17:00 Fiels 49 € 27.-28.4.2024 City Nature Challenge S. 18 11:00-18:00 Bur gratis
5 11.5.2024 Spueren um Fiels S. 19 14:00-17:00 Beefort gratis 12.5.2024 Iesel- & Wëllkraiderwanderung S. 19 10:00-13:00 Beefort 20 €/Kand – 40 €/Erwuessenen 20.-26.5. Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall S. 19 2024 an der ganzer Regioun 1.6.2024 Séisselcours S. 20 9:00-13:00 Beefort gratis 1.-2.6.2024 World Cider Day Weekend S. 20 12:00-18:00 Bur gratis 8.6.2024 Geologesch Wanderung S. 20 14:00-17:30 Fëschbech 5 € 22.6.2024 Nuecht vun der Préhistoire S. 21 19:00-22:00 Waldbëlleg gratis 10.7.2024 Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem S. 21 14:00-16:00 Waldbëlleg 5 € 26.7.2024 Survival by Night S. 21 18:30-21:30 Larochette 35 € (ab 13 Jahre) – 20 € (9-12 Jahre) octobre-juin Holywood: réconnectez-vous! S. 11 Beaufort ou Berdorf 7,50 € Oktober-Juni Dréchemauere fir jiddereen S. 14 an der ganzer Regioun 10 € 7.10.2023 Fir Kanner: Gaumenschmaus für Wintervögel S. 22 10:00-13:00 Beefort 33 € 6.1.2024 Fir Kanner: Liederverarbechtung am Duo S. 22 13:30-17:00 Hierber 100 €/Duo Weider Coursen Kulturhaff Millermoler www.kumimo.lu Weider Coursen lëtzebuerger Jugendherbergen www.youthhostels.lu Weider Coursen regionalen Tourismusverband Regioun Mëllerdall (ORT MPSL) www.mullerthal.lu Weider Coursen Aquatower www.aquatower-berdorf.lu Weider Coursen Generatiounsgaart Beefort www.facebook.com/ GeneratiounsgaartBeefort LU DE FR EN = barrierefräi = Sprooch vum Cours
© NGPM/Caroline Martin, Maurice Schilling

kierfchen.lu: déi nei Bongerte-Plattform

Fir Bongertebesëtzer*innen, Konsument*innen, lokal Produktiounen, Restauranten an Imkereien

Alles ronderëm Uebst, Aktivitéiten, Maschinne fir d’Recolte a Villes méi

Interaktiv Kaart vun der Regioun Mëllerdall mat Annonce vun Offeren an Nofroen

naturparkmellerdall naturpark.lu Naturparke Luxemburg
www.geopark-mellerdall.lu
©
photostudio C. Bosseler

Kräuterkrimi

Nehmen Sie an einer spannenden Exkursion mit vielen Geschichten um Bäume und Pflanzen rund um das Schloss Beaufort teil, wo wir uns den Kräutern am Wegesrand widmen. Zum Schluss werden die gesammelten Kräuter zu einer wohltuenden Heilcreme verarbeitet.

9.9.2023

10:00-13:00

Beefort 38 € ab 16 Jahren

mitbringen: wetterfeste Kleidung und Schuhe, Picknick

Anmeldungen: contact@beaufortcastles.com oder +352 83 66 01

MËTT SEPTEMBER BIS MËTT OKTOBER 2023MOUNT VUM BONGERT

D’Bongerte sinn en essentielle Bestanddeel vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall. Si definéieren eis Kulturlandschaft a sinn en immens wichtege Liewensraum fir eng ganz Rëtsch Déieren a Planzen.

Den Natur- & Geopark setzt sech fir d’Erhalen an d’Neiplanze vun dësen aarteräiche Biotopen an a wëll ee Mount am Hierscht notzen, fir de Liewensraum Bongert esou richteg ze feieren.

Wärend dësem Mount vum Bongert ginn och erëm eenzel Aktivitéite ronderëm d’Thema Bongerten ugebueden. Ausserdeem informéiert den Natur- & Geopark iwwer traditionell Quetschen- a Vizfester, déi och an dësem Zäitraum stattfannen.

All d’Aktioune fannt dir op eisem Internetsite.

7
© miq dhur_gilles Neumann NGPM/Caroline Martin, Anne Lommel
© NGPM/Yannick Stirn DE

Insektefrëndlech Gäert: e Weier uleeën

Zesumme leeë mir en naturnoe Weier un a mir ginn iech Tipps fir d‘Plangen, d‘Ëmsetzung an d‘Beplanzung vun engem Gaardeweier. Weiere si wichteg Strukturelementer, déi vun Insekten an enger Villzuel vun aneren Deiere gäre genotzt ginn. Een anere positiven Effekt ass, dass duerch e Weier d‘Mikroklima am Gaart verbessert gëtt.

23.+30.9.2023

9:00-14:00

7.10.2023 gratis

Iechternach matbréngen: fest Schong, Händchen, Picknick

www.insekten.lu

Hei fannt dir eng Rëtsch Informatiounen iwwer d’Biologie vun den Insekten, eisen Insekteschutzprojet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg - (een) Insekteräich“ an hëllefräich Tipps, wéi dir äre Gaart méi insektefrëndlech gestalte kënnt!

8
©
Pixabay
©
LU DE FR
NGPM/Raymond Clement

Champignonstour

Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Champignonsexpert Norbert Valmorbida a mam Fierschter Tom Giefer op d’Sich no Iesschampignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäerkung - natierlech mat Champignonen zoubereet!

24.9.2023

14:00-18:00

Mompech 10 €

matbréngen: Kuerf, Messer

Klibbermécher

Um Enn vun der Karwoch ginn d’Klibberkanner duerch d’Stroossen an ersetze mat hire Klibberen d’Klacken, déi op dësen Deeg net lauden. Dësen ale Brauch ass säit 2022 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen agedroen (www.iki.lu). An dësem Cours (mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministär) kënnt dir selwer eng Klibber aus Holz bauen an domat en Deel zum nationalen Ierwe bäidroen!

25.9.2023 oder

26.9.2023

16:30-20:30

14:30-18:30

Waldbëlleg gratis ab 9 Joer (a Begleedung)

Loschbourtour

Kommt mat op eng laang Wanderung vun Hiefenech op de prähistoresche Site Loschbour, wou ënnert engem mächtege Fiels bei der Schwaarzer Iernz déi zwee eelst „Lëtzebuerger*innen“ fonnt gi sinn. Dir gitt dobäi begleet vu Memberen aus der Gesellschaft fir Urgeschicht, déi iech d’Fuerschungen iwwer des 9000 an 8000 Joer al Griewer méi no bréngen.

30.9.2023

14:00-17:00

Hiefenech gratis ab 15 Joer

matbréngen: fest Schong

9
© Konsbrück
© INRA
Tanja
© NGPM/AnnaVoelske LU LU
massendenger@cathol.lu oder +352
LU DE FR EN
Umeldungen:
44 743 243

Harvest Days

Kommt mat äre Famillen an d’Bongerte fir zesumme mat eis d’Ramborn Harvest Days 2023 ze feieren. Pléckt zesumme mat eis traditionell Äppelzorten an eise Bongerten ëm d‘Sauer. Schaaft schéin Erënnerungen um Cider Haff a genéisst eis Cideren a Jus’en. Mir freeën eis op iech!

30.9.-1.10.023

12:00-18:00

Bur gratis

Geosite vum Joer: Haupeschbaach-Halerbaach

Am Kader vum Geodiversity Day organiséiere mir eng Wanderung duerch de Geosite vum Joer 2023: Haupeschbaach-Halerbaach.

7.10.2023

9:30-12:00

Beefort gratis matbréngen: fest Schong

Umeldungen: geodiversity@mnhn.lu

Baachen a Flëss entdecken

D’Waasser vun de Baachen huet schonn ëmmer d’Däller an eis ganz Landschaft geformt. Op eisem interaktive Modell kënnt dir déi entspriechend Prozesser gutt beobachten. Gläichzäiteg gëtt erfuerscht, wéi eng Aflëss verschidde Baumoossnamen an den Däller hunn a wéi de Mënsch sech virun Héichwaasser schütze kann. Mat dobäi ass en Hydrolog vum Waasserwirtschaftsamt.

14.10.2023

14:00-18:00

Beefort gratis

10
© Ramborn © NGPM/Yannick Stirn © NGPM/Caroline Martin LU DE
Weider Informatiounen: info@ramborn.com oder +352 26 72 92 04
LU DE FR EN LU DE FR

Naturno Gäert

Vill Déieren hunn nëmmen e klengen Aktiounsradius an an dem musse Méiglechkeete fir Fortplanzung, Fudder an och Nistmaterial existéieren. An dësem Cours kënnt dir an engem theoreteschen Deel léiere wéi och dir bei iech doheem een naturnoe Gaart kënnt uleeën. Duerno gi mir eis e Beispill ukucken.

21.10.2023

14:00-16:00

Beefort gratis

LU

Holywood: réconnectez-vous!

Nos ancêtres connaissaient les bienfaits de la forêt sur la santé mentale, la réduction du stress et le bien-être physique. Ces randonnées vous permettent de découvrir les nouvelles connaissances des liens homme/nature et d’avoir des explications scientifiques des biens-faits « magiques » de la forêt sur nous. Vivez une possibilité unique pour comprendre comment la forêt nous impacte à travers tous nos sens. Elles sont encadrées par Isabel, psychologue et écocoach.

8:00-11:00

7,50 € à rapporter: petite couverture, gobelet, chaussures et vêtements adaptés

11
©
NGPM/Caroline Martin
© NGPM/photostudio
Beaufort: 21.10.2023 9.12.2023 10.2.2024 13.4.2024 *Berdorf: 11.11.2023 13.1.2024 9.3.2024 15.6.2024
accessibles
personnes à mobilité réduite) ©
FR
C. Bosseler
*(aussi
pour
NGPM/Pierre Haas

Natur- & Geopark

Mëllerdall Expo

Déi interaktiv Ausstellung an der aler Jugendherberg zu Beefort informéiert iwwer d’Entstehung vun der Landschaft aus der Regioun Mëllerdall an hirem eenzegaartegen Natur- & Kulturiewen.

gratis Entrée 6, rue de l’Auberge zu Beefort

Méindes bis Sonndes 10:00-17:00

www.geopark-mellerdall.lu

naturparkmellerdall naturpark.lu Naturparke Luxemburg
© NGPM/Caroline Martin

UNESCO Global Geopark

Eis Regioun ass zanter 2022 offiziell en UNESCO Global Geopark. Dëst Netzwierk besteet aus 195 Memberen aus 48 Länner.

UNESCO Global Geoparks si Regioune mat engem geologeschen

Ierwe vun internationaler Bedeitung. D’Geologie an all aner regional Eegenaarten droen dozou bäi d’Bevëlkerung an hir Gäscht fir d’Ëmwelt ze begeeschteren an déi regional Identitéit ze stäerken. Dëst geschitt an engem ganzheetlechen Asaz vu Schutz, Bildung an nohalteger Regionalentwécklung.

Wann dir wëllt méi iwwer d’UNESCO Global Geoparks gewuer ginn, da kënnt dir op hirem Site nokucken: https://globalgeoparksnetwork.org/

naturparkmellerdall naturpark.lu Naturparke Luxemburg
www.geopark-mellerdall.lu
© NGPM/Yannick Stirn

Dréchemauere fir jiddereen

15.6.2024

Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni

Liederverarbechtung ass en uraalt Konschthandwierk wat ëmmer méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genau dat Richtegt. Am Atelier Atout Cuir kënnt dir ënner professioneller Leedung selwer e Rimm oder e Portmonni hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt.

13.1.2024

13:30-17:00

Hierber 75 €

14
©
NGPM/Maurice Schilling
13.1.2024 9:00-13:00
10 € Fiels matbréngen: Händchen, Secateur, Waasser, Picknick, fest Schong ©
21.10.2023 11.11.2023 9.12.2023 10.2.2024 9.3.2024 13.4.2024 Beefort Berdorf Rouspert Hëlt ©
Op enger Wanderung laanscht moleresch Dréchemauere gitt dir allerlee iwwer dës al Handwierkskonscht, déi zum lëtzebuerger immaterielle Kulturierwen zielt, gewuer. Duerno kënnt dir aktiv bei klengen Entretiensaarbechte mathëllefen. Domat drot dir en Deel dozou bäi, dass dës Maueren och weiderhin an eiser Landschaft hiren Zweck erfëlle kënnen! LU DE FR
NGPM/Caroline Martin
NGPM/Anna
Voelske, Pierre Haas
LU DE FR EN

Wassail

Taucht an an déi ural Traditioun vum „Wassailing“ um Ramborn Cider Haff zu Bur. Dëst Ritual ass ursprénglech an England genotzt gi fir d’Beem ze erwächen an eng gutt Recolte ze garantéieren. No enger Fakelwanderung duerch d’Bongerten, wou d’Natur gefeiert gëtt, kënnt dir schéin Traditioune schafen andeems dir en neie Bam planzt als Zeeche vun Erneierung a Respekt. Duerno gi mir alleguer zesummen de Cider vun 2023 schmaachen - an dat direkt vum Tank.

Kierfméchercours

D‘Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir vum Gabi Jacqué gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf. Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d‘Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.

Praffcours

Copy-Paste am Bongert? Jo dat geet! An dësem Cours weisen d‘Profis iech verschidde Methode fir Uebstbeem ze praffen („veredeln“). Duerno kënnt dir selwer typesch Lëtzebuerger Äppelzorte praffen an dräi Beemercher mat heem huelen!

15
© NGPM/Claude Petit © NGPM/Anna
Voelske
13.1.2024 17:00-20:00 Bur 40 € © Ramborn LU DE
Umeldunge viirum 5.1.: info@ramborn.com oder +352 26 72 92 04 20.+21.1.2024 9:00-16:00 Hemstel 145 € ab 16 Joer matbréngen: Secateur, Täschemesser, Hummer 2.2.2024 19:00-22:00 Bäertrëf 20 € ab 12 Joer matbréngen: Praffmesser (wien eent huet) LU LU DE DE FR
FR EN

Uebstbamschnëtt: al Beem

Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegelméisseg geschnidde ginn. Wéi dat richteg gemaach gëtt, weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

2.2.2024

Dickweiler

13:00-16:00

5 €

Wëllbeien hëllefen: Insektenhotel

Bei kaaften Insektenhoteller ass sou munches dobäi dat fir Wëllbeie keen Notzen huet. Zesumme bastele mir Nisthilfen déi speziell un hier Bedierfnesser ugepasst sinn an dir léiert, wéi dir bestoend Nisthilfen ausbessere kënnt. Dobäi ginn et eng Rëtsch Tipps wat dir soss am Gaart an um Balcon kënnt maache fir den Insekten ze hëllefen. Kanner ab 6 Joer sinn och wëllkomm.

24.2.2024

14:00-17:00

Beefort gratis matbréngen: Händchen

Motorseecours

De Marc Hermes vum CNFPC weist an dësem Cours, wéi dir richteg a virun allem sécher mat enger Motorsee ëmgitt. Fir d‘éischt gëtt eng theoretesch Aféierung gemaach an duer no kënnt dir mat der Motorsee Brennholz opschaffen. Wien eng eege Motor see huet, kann déi roueg matbréngen.

2.3.2024

Marscherwald

8:30-16:30

75 € ab 18 Joer

matbréngen: Sécherheetskleeder (weider

Detailer kritt dir bei der Umeldung), Picknick

16
©
©
©
NGPM/Mikis Bastian
NGPM/Maurice Schilling
NGPM/Anna Voelske
LU LU DE LU DE

Aféierung an d’Ur- & Fréigeschicht

Unhand vu Beispiller aus dem Mëllerdall léiert dir prehistoresch Steenartefakten ze erkennen, ze bestëmmen an zäitlech an déi mënschlech Urgeschicht anzeuerdnen. Dobäi gitt dir och gewuer, wéi dir iech sollt verhale wann dir esou eppes fannt fir dass et richteg dokumentéiert a geschützt ka ginn.

9.3.2024

10:00-17:00

Waldbëlleg gratis ab 15 Joer matbréngen: Bläistëft, Pabeier, Picknick

LU

Uebstbamschnëtt: jonk Beem

Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss e mat Zäite geschnidde ginn. Wéi dir dat richteg maacht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours vum Claude Petit vum Natur- & Geopark gewuer.

16.3.2024

Hiefenech

9:00-12:00

5 €

Drëppendegustatioun

Am Natur- & Geopark Mëllerdall gëtt et eng grouss Diversitéit an de Bongerten an dofir natierlech och am Drëppeglas! An der Hierber Brennerei kënnt dir mam Drëppesommelier Paul Thill eis regional Drëppe schmaachen an erausfannen op wat et ukënnt fir déi beschte Qualitéit erauszehuelen! Donieft gitt dir och gewuer wéi d’Drëpp vum Bam an d’Glas kënnt.

21.3.2024

19:00-21:30

Hierber 45 € ab 18 Joer

17
© NGPM/Caroline Martin © NGPM/Claude Petit
© SPL
LU DE LU

Visite guidée & Tasting um Cider Haff

Huelt deel un enger guidéierter Visitt iwwert de Ramborn Cider Haff zu Bur. Entdeckt den historeschen Haff aus dem 18. Joerhonnert a schmaacht eis Produiten, déi dir uschléissend an eisem Shop kafe kënnt. Dës Toure fannen dat ganzt Joer iwwer statt.

7.4.2024

14:00-16:00 Bur

18 €

Wander Season Opening

De 27.4. heescht et erëm: Wanderschong undoen an d’Schéinheet vun eiser Regioun ze Fouss entdecken! Iwwer 19 km geet et laanscht d’Geosite Kallektuffquell, Schéissendëmpel an natierlech vill Sandsteefielsen. Aus der Fiels bréngt de Bus eis op Chrëschtnech, vu wou aus mir erëm zréck bei d’Jugendherberg an der Fiels wanderen an den Owend (géint 17:00) bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen.

27.4.2024

10:45-17:00

Chrëschtnech-Fiels 49 € (Owesiessen inkl.) matbréngen: ugepasste Kleeder & Schong, Picknick

City Nature Challenge

Entdeckt eis traditionell Bongerten zu Bur. Mat der iNaturalist App kennt dir de Fuerscher hëllefen den Iwwerbléck iwwer Planzen, Déieren a souguer Champignonen ze behalen. Zudeem fënnt een Austausch mat Experten am Beräich Biodiversitéit statt an dir kennt méi iwwert d‘Natur an eise Bongerte léieren.

27.-28.4.2024

11:00-18:00 Bur gratis

18
©
©
LU DE FR EN LU DE FR EN Umeldunge virum 1.4.: info@ramborn.com oder +352 26 72 92 04 Umeldungen: animation@youthhostels.lu oder +352 26 27 66 200 LU DE FR EN Weider Informatiounen: info@ramborn.com oder +352 26 72 92 04
©
Les Auberges de Jeunesse Lux.
Ramborn
Ramborn

Spueren um Fiels

Kommt mat op e laangen Tour ronderëm Beefort, op der Sich no Spuere vun der Geschicht um Sandsteen: Schläifrillen, Fouen, Gravuren a nach vill méi. Geféiert gitt dir vu Membere vun der Société Préhistorique Luxembourgeoise.

11.5.2024

14:00-17:00

Beefort gratis ab 12 Joer

matbréngen: fest Schong

Iesel- & Wëllkraiderwanderung

Mat den Iesele Schakkeline, Pablo & Co. an ënnerstëtzt vun zwou Déierepädagoginne wandere mir duerch de Beeforter Bësch. Op der Sich no Wëllkraider gëtt et Erklärungen vun der Kraiderpedagogin. Ënnerwee maache mir eng kleng Paus fir ee gemittleche Picknick mat Degustatioun vu Kraidersnacks. Fir Famillje mat Kanner ab 6 Joer, Hënn sinn net erlaabt.

12.5.2024

Beefort

10:00-13:00

20 €/Kand, 40 €/Erwuessenen matbréngen: ugepasst Kleeder & Schong, Picknick

WOCH VUM NATUR- & GEOPARK MËLLERDALL

Vum 20. bis den 26. Mee ass am Mëllerdall d’Woch vum Natur- & Geopark. Hei fannen eng Rëtsch Aktivitéite statt, déi sech all em d’Themen Nohaltegkeet, liewege Patrimoine, an eist geologescht, natierlecht a kulturellt Ierwen dréinen.

Den Detail vun der Programmatioun a ganz vill weider Informatiounen iwwer eis flott Regioun fannt dir op eisem Internetsite.

Mir wënsche vill Freed beim Entdecken!

20.-26.5.2024

19
© Alex Trentin © NGPM/Caroline Martin © B. Kutter
LU
LU DE FR EN

Séisselcours

Mat der Séissel méien ass besonnesch insekteschounend an eegent sech gutt fir d‘Fleeg vu Blummewisen. Léiert zesumme mat eis den Ëmgang mat der Séissel a wei dir se duerch Schläifen an Dengele laang schaarf hale kënnt.

1.6.2024

9:00-13:00

Beefort gratis

matbréngen: fest Schong, Händchen, Picknick

World Cider Day Weekend

Huelt deel un eisem World Cider Day um Ramborn Cider Haff! Iech erwaarde guidéiert Visitten, eng Masterclass iwwert Ciderproduktioun, Tastingen, Kanneraktivitéiten a fir Iessen ass selbstverständlech och gesuergt. Zudeem erwaarden iech Promotiounen an eisem Buttek. Ee Muss fir all Ciderfan.

1.-2.6.2024

12:00-18:00

Bur gratis

Weider Informatiounen an Umeldungen (Masterclass): info@ramborn.com oder +352 26 72 92 04

Geologesch Wanderung

D’Weiere bei Fëschbech erënneren haut nach un d’Industriegeschicht vum Duerf. Hei si vun 1768 bis 1857 d’Héichiewe gelaf.

D’Wanderung gëtt vun eiser Geografin Birgit Kausch geleet. Kommt mat op e geologeschen Tour duerch d’Geschicht!

8.6.2024

14:00-17:30

Fëschbech 5 €

matbréngen: fest Schong

20
© NGPM/Yannick Stirn © Pixabay © Ramborn LU DE FR LU DE FR EN LU DE

Nuecht vun der Préhistoire

D’Société Préhistorique Luxembourgeoise proposéiert iech e wëssenschaftleche Virtrag iwwer d‘Notzung vum Feier wärend den Äiszäiten am Paläolithikum an dono eng kleng Nuetswanderung vun ongeféier enger Stonn laanscht de Geosite Halerbaach mat engem ongewinnte Bléck op d’Fielsen.

22.6.2024

19:00-22:00

Waldbëlleg gratis ab 16 Joer matbréngen: fest Schong, Täscheluucht

Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem

Fir vill a schéint Uebst ze kréie, mussen och Spaléierbeem reegelméisseg richteg geschnidde ginn. Wéi dat geet weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

10.7.2024

14:00-16:00

Waldbëlleg 5 €

Survival by Night

Bei einer aufregenden Survival-Aktivität erfahren Sie als Familie, wie Sie ein Feuer machen, ein Schutzzelt bauen und essbare Pflanzen im Wald finden. Wir erkunden den nächtlichen Wald bei spannenden Spielen und einer 4 km langen Wanderung. Der Abend endet gemütlich am Lagerfeuer mit Stockbrot und einem herzhaften Eintopf. Erleben Sie eine unvergessliche Nacht in der Natur!

26.7.2024

18:30-21:30

Larochette 35 € (ab 13 Jahren) 20 € (9-12 Jahre)

Anmeldungen: animation@youthhostels.lu oder

+352 26 27 66 200

21
© Delphine Dethier
© NGPM/Yannick Stirn LU LU DE
DE
© Les Auberges de Jeunesse Lux.

Gaumenschmaus für Wintervögel

Warum füttern wir Vögel im Winter? Welcher Vogel frisst was? Wie stelle ich eigenes Vogelfutter her? Diesen spannenden Fragen gehen wir mit einer erfahrenen Naturpädagogin nach.

7.10.2023 10:00-13:00

Beefort 33 € ab 8 Jahren (in Begleitung) mitbringen: wetterfeste Kleidung und Schuhe, Picknick

Anmeldungen: contact@beaufortcastles.com oder +352 83 66 01

Liederverarbechtung am Duo

Liederverarbechtung ass en uraalt Handwierk wat méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, da kënnt dir dat elo mat ärem Kand zesumme maachen. Déi erwuesse Persoun mécht e Rimm oder Portmonni an d‘Kand eng Bourse oder e Porte-Clé (a Päerds- oder Hondsform).

Entdeckt eis Kannerbicher

De Wiichtel Wumm - e Mëllerdaller Dréchemauerbauer fir

vun 2-6 Joer

D‘Rommel Bommel an hir Frënn

Joer

Béid Bicher kënnt dir och bei eis zu Beefort (8, rue de l‘auberge) zu de Büroszäite kafen.

22
Kanner
Kanner vun
Hierber 100 €/Duo ab 6 Joer
fir
5
6.1.2024 13:30-17:00
© Pixabay © Atout Cuir
DE
Kannereck
LU DE FR

Sie finden alle Informationen auf deutsch auf unserer Internetseite. Vous trouverez toutes les informations en français sur notre site web. You can find all the information in english on our website.

www.naturpark-mellerdall.lu

23 www.kacom.lu Merci!

Geosite vum Joer 2023

Däller am Lëtzebuerger Sandsteen: Haupeschbaach an Halerbaach

Déi zwee Baachdäller bei Beefort an Haler hu sech am Laf vun der leschter Millioun Joren ëmmer méi déif an de Lëtzebuerger Sandsteen agegruewen. D’Kraaft vum Waasser huet duerch kontinuéierlech Erosioun déi typesch Form vun dësen Däller geschaf: Géi Fielse begrenzen d’Däller, un deenen hirem Fouss sech sandegen Hangschutt a Bléck gesammelt hunn. Un de Fielswänn sinn haut nach d’Spuere vun der Oflagerung vu viirun 200 Millioune Joer a vun der Verwitterung ze erkennen.

Weider Geositten op www.geopark-mellerdall.lu

naturparkmellerdall naturpark.lu Naturparke Luxemburg
www.geopark-mellerdall.lu
© NGPM/Yannick
Stirn

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook