Skip to main content

UPDATE: Finanziell Hëllefen fir Betriber am Kader vun der COVID-19 Pandemie

Page 1

INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber Chômage (HOTLINE : 8002 91 91 → vun 8 - 17 Auer)

1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber : o Fall 1: Betriber aus dem HORECA, Tourismus oder Evenementiel Secteur kënne weiderhi vum "Chômage partiel„ profitéieren. Konditioun: Net méi wéi 25% vun den Aarbechter kënne bis den 31/12/2020 entlooss ginn. Z.B.: Wann de Betrib 8 Aarbechter huet, kënne maximal 2 Aarbechter bis den 31/12/2020 entlooss ginn. o Fall 2: Aner Aktivitéitssecteure kënnen den "Chômage partiel„ och weiderhin ufroen, däerfen awer bis den 31/12/2020 keen Aarbechter entloossen. D‘Ufro fir den "Chômage partiel" ass limitéiert op 25% vun den Aarbechter fir d‘Méint Juli an August, 20% fir d‘Méint September an Oktober an 15% fir d‘Méint November an Dezember. Z.B.: Ee Betrib mat 8 Aarbechter ka fir d‘Méint Juli an August maximal 2 Léit am "Chômage partiel" hunn. o Fall 3: Industriell Betriber kënnen den „Chômage partiel de source conjoncturelle“ ufroen. Méi Detailer fannt Dir hei. Wichteg: D‘Demande fir de Mount September muss virum 12 August agereecht ginn. Fir d‘Méint Oktober, November an Dezember muss d‘Demande spéitstens den 12 Dag vum viregten Mount deen concernéiert ass agereecht ginn.Z.B.: virum 12 September fir eng Demande déi sech op de Mount Oktober bezitt. Méi Detailer, alleguer d‘Konditioune an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. Secteurspezifesch net remboursabel Bäihëllefen

2. „Fonds de relance et de solidarité“ (1250 EUR oder 250 EUR pro Salarié): Betriber oder Selbststänneger déi a folgende Secteuren aktiv sinn Tourismus, Evenementiel, HORECA, Kultur, Divertissement oder Änleches, kënne wärend enger Periode vu 6 Méint (Juni – November 2020), eng Hëllef vun 1250 EUR (pro Mount) pro Salarié dee schafft (d.h. net am „Chômage partiel“ ass) an 250 EUR (pro Mount) pro Salarié deen am "Chômage partiel" ass, kréien. D‘ Betriber mat manner wéi 10 Salariés kënne maximum 10.000 EUR pro Mount kréien, tëschent 10 bis 50 Salariés ass de maximum 50.000 EUR pro Mount a bei méi wéi 50 Salariés ass de Maximum 100.000 EUR pro Mount. Konditiounen: o De Betrib huet seng Aktivitéit virum 15. Mäerz 2020 ugefaangen an een minimum CHIDA vun 15.000 EUR fir 2019. o De Betrib huet een Abroch vu min. 25% vum Ëmsätz tëschent Juni an November 2020 am Verglach zu de selwechte Méint am Joer 2019. o De Betrib war fir den ugefrote Mount fir dëst Bäihëllef op an huet net méi wéi 25% vu sengen Aarbechter entlooss. Wichteg: Dës Hëllef ka fir all Salarié ugefrot ginn a Selbstänneger, z.B. de Chef d‘Entreprise (falls d‘Aarbecht am Betrib seng d‘Haaptaktivitéit ass an hie méi wéi 25% vun den Aktië vum Betrib huet). D‘Ufro fir d‘Méint Juni, Juli an August muss fir all Mount individuell an bis den 15. September agereecht ginn. Méi Detailer, all eligibel Aktivitéitssecteuren an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link.

Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445 Kontakt Service Regional Wirtschaft: christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu

3. „Aide de redémarrage“ fir den Eenzelhandel (1000, 750 ouder 500 EUR pro Salarié): Wärend enger Periode vun 3 Méint kënnen Eenzelhändler (Commerce de Detail, inklusiv „Soins à la Personne“ z.B. Coiffeuren) déi een Geschäft mat engem Accès fir de Public hunn, folgend Bäihëllef kréien: o Fir de Mount Juli 1000 EUR pro Salarié o Fir de Mount August 750 EUR pro Salarié o Dir de Mount September 500 EUR pro Salarié De Plaffong vun dëser Hëllef leit bei 50.000 EUR de Mount. Konditiounen: o De Betrib huet an der Periode vum 15/03 – 15/05/20 missen zoumaachen oder hat wärend dësem Zäitraum een Abroch vu méi wéi 50% vum CHIDA. o De Betrib huet seng Aktivitéit virum 15 Mäerz 2020 ugefaangen en ee minimum CHIDA vun 15.000 EUR fir 2019. o De Betrib huet manner wéi 250 Salariés, a kee Salarié däerf am „Chômage partiel“ sinn. o De Betrib ass säit dem 1. Juni nees op. o De Betrib huet fir den ugefrote Mount fir dëst Bäihëllef keng Aarbechter entlooss. Wichteg: Dës Hëllef ka fir all Salarié ugefrot ginn a Selbstänneger, z.B. de Chef d‘Entreprise (falls d‘Aarbecht am Betrib seng d‘Haaptaktivitéit ass an hie méi wéi 25% vun den Aktië vum Betrib huet). D‘Ufro muss fir all Mount individuell agereecht ginn. Fir d‘en Mount Juli muss d‘Demande virum 31. August agereecht ginn. Méi Detailer, all eligibel Aktivitéits-secteuren an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. Net remboursabel Bäihëllefen fir Betriber 4. Bäihëllefen fir investissementer Investissementer an der Innovatioun vu Prozeduren / Organisatioun (Digitalisatioun) oder am Beräich Energieeffizienz an ëmweltfrëndlech Projets kënnen, ofhängeg vun der Gréisst vum Betrib, tëschent 40 - 50% ënnerstëtzt ginn. Investissementer an néien Equipementer kënnen tëschent 20 – 30% ënnerstëtzt ginn. Dobäi kennt eng supplementar Tranche vun 20% wann een an d‘Kreeslafwirtschaft investéiert. Méi Informatiounen an alleguer d‘Konditoune fannt Dir ënnert dësem Link. Remboursabel Bäihëllefen fir Betriber a Selbststänneger 5. „Avance rémboursabel„ fir Betriber / Independants mat temporär finanziell Schwieregkeeten: Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef kréie fir Fonctionnementskäschten (Loyer + Salaireskäschten) ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe fannt dir an dësem Video, den Zougang zum online Formulaire fannt Dir hei. D‘Hëllef kann bis den 15. September 2020 ugefroot ginn.

Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550

Kontakt Chambre de Commerce: covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/

Kontakt Chambre des Métiers contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook