Skip to main content

Bäihëllefen am Kontext vun den Iwwerschwemmungen Juli 2021 / Aid following the floods of July 2021

Page 1

16.07.2021

Bäihëllefen am Kontext vun den Iwwerschwemmungen vu Juli 2021

Ënnendrënner fannt Dir den Iwwerbléck vun den aktuellen Bäihëllefen fir d‘Haushälter an d‘Betriber, déi duerch Iwwerschwemmungen vun Juli 2021 betraff goufen. Bäihëllef fir privat Stéit D'Regierung huet decidéiert eng solidaresch Aktioun fir Katastrophenaffer z'organiséiere fir hinnen ze erméiglechen Depense vu Basisbedierfnesser ze couvréieren. Zousätzlech Informatiounen : https://mfamigr.gouvernement.lu/fr/le-ministere/attributions/solidarite/catastrophes.html Formulaire de Demande : https://mfamigr.gouvernement.lu/dam-assets/demarches/solidarit%C3%A9/catastrophes-naturelles/FormulaireFR.pdf Wann néideg, kënnen déi betraffe Leit sech och bei der Divisioun "Solidaritéit" vum Familljeministère, Integratioun an der Groussregioun kontaktéieren: Telefon. : (+352) 247-86523 E-Mail: secretariatsolidarite@fm.etat.lu

Finanziell Hëllef fir Betriber betraff vun den Iwwerschwemmungen All Handwierk-, Handels-, Tourismus- oder Industriebetrib, deen als direkt Resultat vun der Naturkatastroph beschiedegt gouf, ka finanziell Hëllefe kréie fir de Schued ze reparéieren. Abegraff ass materielle Schued un Gebaier, Equipementer, Maschinnen oder Stocks. Fir méi iwwert d‘éligibel Käschten oder d‘Modalitéite fir d‘Demande anzereeche gewuer ze ginn, kontaktéiert w.e.g. Direction générale des classes moyennes vum Wirtschaftsministère: Telefon. : (+352) 247-74704 E-Mail: info.aide.pme@eco.etat.lu Mei Informatiounen an Formulaire de Demande : https://guichet.public.lu/fr/entreprises/financement-aides/regime-pme/aides-generales-pme/aide-dommagescalamites-naturelles.html

Chômage partiel en cas de force majeure ass apllicable fir déi beschiedegt Firmen De Regierungsrot huet decidéiert datt de „Chômage partiel en cas de force majeur“ op all Firma kann applizéiert ginn, déi wéinst den Iwwerschwemmunge wirtschaftlech Schwieregkeeten hunn oder déi hir üblech Aktivitéit net weiderféiere kënnen. Fir méi gewuer ze ginn iwwer d'Prozedure fir eng Ufro anzereechen, sinn déi betraffe Betriber gebieden de Sekretariat vum Comité de Conjuncture ze kontaktéieren: Telefon: (+352) 8002 - 9191 E-Mail: emploi@eco.etat.lu

Finanziell Hëllef fir Bauerebetriber De Landwirtschaftsministère ka landwirtschaftleche Betriber Bäihëllefe gi fir de verursaachte Schued ze kompenséieren. Détailer ginn an den nächsten Deeg matgedeelt. Wann néideg, kënnen déi betraffe Betriber déi regional Servicer vun der ASTA kontaktéieren: Kantonen Miersch & Dikrech - ASTA Service régional Nord: Telefon: (+352) 803393-1; E-Mail: circ.diekirch@asta.etat.lu Kanton Iechternach - ASTA Service régional Sud: Telefon: (+352) 457172-380; E-Mail: circ.grevenmacher@asta.etat.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook