INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber 1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber an ASBL: o D‘Aktivitéit vun Ärem Betrib huet wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3: http://www.legilux.lu/eli/etat/leg/rgd/2020/03/18/a165/jo) missen ophalen, dann kënnen d‘Gehaltskäschte vun de Salariéen déi net méi beschäftegt kënne ginn, bis zu 80% rembourséiert ginn. Demande muss online an eenzel fir all Mount iwwert d‘ADEM gemaach gin. Een online Systeme gëtt am Moment entwéckelt. (https://adem.public.lu/fr.html). o D‘Aktivitéit vun Ärem Betrib ass net vum Reglement Grand-Ducal betraff, mee: o De Betrib huet net méi genuch Léit fir d’Produktioun / Aarbecht ze assuréieren; o D’Liwwerante kënnen de Betrib net méi approvisionéieren; o Massiven Abroch vun der Demande / Clientèle wéinst dem Coronavirus. D'Demande de Chômage partiel muss direkt un den de „Conseil de conjoncture“ gemaach gin. Méi Detailer kommen an den nächsten Deeg. Wichteg : All Demande déi schonn agereecht gouf, bleift valabel a gëtt traitéiert.
Hotline ‘’Chômage partiel’’: 8002 9191 2. „Fonds d‘urgence“ fir ganz kléng Betriber an Independants: Betriber déi direkt vum Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz betraff sinn ((Kapitel 3: http://www.legilux.lu/eli/etat/leg/rgd/2020/03/18/a165/jo) kënnen eng Hëllef vun 5000 EUR kréien. Konditiounen : o De Betrib eng valabel Autorisatioun d‘établissement vum Mëttelstandsministère o De Betrib huet maximum 9 Vollzäitaarbechter o De Betrib huet ee Joresëmsaz vu minimum 15.000 EUR Déi ënnerschriwwen Demande kann via Post oder email (corona.pme@eco.etat.lu) geschéckt ginn. Formulaire + méi Infoen: https://guichet.public.lu/de/entreprises/financement-aides/coronavirus/fonds-urgence-petites-entreprisesindependants.html 3. Betriber mat temporär finanziell Schwieregkeeten (Projet de loi en cours): Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef bis 500.000 EUR kréien fir Fonctionnementskäschten ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe kommen an den nächsten Deeg no. 4. Betriber déi dréngend ee Kredit brauchen, kënnen o 50% vun engem néien Kredit (max 250.000 EUR) cautionnéiert kréien. D‘Demande gëtt direkt bei der Bank vum Betrib gemaach. Bei Froe stinn Iech folgend Bürgschaftsgenossenschaften zur Säit: http://www.cautionnement.lu/ oder http://www.mpme.lu/fr. o Via den «Régime de Garantie Etatique pour de nouveaux crédits bancaire», bis zu 85% vun engem Kredit (max. 6 Joer) vum Staat garantéieren kréien. Méi Infoen kommen an den nächsten Deeg no. Wichteg : Verschidde Banken acceptéieren een Delai am Remboursement vu bestoend Kreditter. Frot w.e.g. bei Ärer Bank no. 5. Steierlech Moossnamen fir Betriber mat Liquiditéitsproblemer: o Antrag zur Streichung der Vorschüsse auf die Einkommenssteuer für das 1, und 2, Quartal : https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/annulation-avances-trimestrielles.html o Zahlungsfrist-Antrag für die Einkommenssteuer, die kommunale Gewerbesteuer und die Vermögenssteuer (ZahlungsfristAntrag). Formular: https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/delai-paiement.html Anträge auf Stornierung von Vorschüssen und Zahlungsfristen werden von der Verwaltung automatisch akzeptiert. Darüber hinaus wurde die Frist für die Einreichung von Steuererklärungen bis zum 30. Juni 2020 verlängert. 6. Flexibilitéit bei den Sozialversécherungsbäiträg: https://guichet.public.lu/de/actualites/2020/mars/20-coronavirus-mesures-cotisations-sociales.html
Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445
Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550
Kontakt Service Regional Wirtschaft:
Kontakt Chambre de Commerce:
Kontakt Chambre des Métiers
christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu
covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/
contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19