INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber 1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber an ASBL: o Fall 1 : D‘Aktivitéit vun Ärem Betrib huet wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) missen ophalen. o Fall 2: Falls d‘Aktivitéit vun Ärem Betrib net vum Reglement Grand-Ducal betraff ass, mee: o De Betrib huet net méi genuch Léit fir d’Produktioun / Aarbecht ze assuréieren; o D’Liwwerante kënnen de Betrib net méi approvisionéieren; o Massiven Abroch vun der Demande / Clientèle wéinst dem Coronavirus. A béiden Fäll kënnen d‘Gehaltskäschte vun de Salariéen déi net méi beschäftegt kënne ginn, bis zu 80% rembourséiert ginn. D‘Demande muss online gemaach ginn via dësen Link, an fir all Mount renouvelléiert ginn. Méi Detailer fannt dir hei. Wichteg: All Demande déi virum 27. Mäerz a Pabeierformat agereecht gouf bléift gülteg a gëtt traitéiert.
Hotline ‘’Chômage partiel’’: 8002 9191 2. „Fonds d‘urgence“ fir ganz kléng Betriber an Independants: Betriber déi direkt vum Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) kënnen eng Hëllef vun 5000 EUR kréien. Konditiounen : o De Betrib eng valabel Autorisatioun d‘établissement vum Mëttelstandsministère o De Betrib huet maximum 9 Vollzäitaarbechter o De Betrib huet ee Joresëmsaz vu minimum 15.000 EUR Déi ënnerschriwwen Demande kann via Post oder email (corona.pme@eco.etat.lu) geschéckt ginn. Fir den Formulaire + méi Infoen clickt hei. 3. Betriber / Independants mat temporär finanziell Schwieregkeeten : Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef kréie fir Fonctionnementskäschten (Loyer + Salaireskäschten) ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe fannt dir an dësem Video, den Zougang zum online Formulaire fannt Dir hei. 4. Betriber déi dréngend ee Kredit brauchen, kënnen: o 50% vun engem néien Kredit (max 250.000 EUR) cautionnéiert kréien. D‘Demande gëtt direkt bei der Bank vum Betrib gemaach. Bei Froe stinn Iech folgend Bürgschaftsgenossenschaften zur Säit: http://www.cautionnement.lu/ oder http://www.mpme.lu/fr. o Via den «Régime de Garantie Etatique pour de nouveaux crédits bancaires», bis zu 85% vun engem Kredit (max. 6 Joer) vum Staat garantéiere kréien. De maximale Montant dee kann ausgeléint ginn, ass op 25% vum CHIDA vun 2019 limitéiert. Frot bei enge vu folgende Banken no, Sie maachen dono de Relais mam Ministère : BCEE, BIL, Banque de Luxembourg, Banque Raiffeisen, BGL BNP Paribas, ING. Fir méi Infoe klickt hei. o „Anti-Krisen-Sonderfinanzierung durch die SNCI“ für kleine und mittlere Unternehmen mit Niederlassungsgenehmigung: Die Finanzierung erfolgt auf indirekte Weise über die übliche Bank des Kunden: Die SNCI finanziert bis zu 60 % des zu deckenden Bedarfs unter der Voraussetzung, dass die Bank 40 % übernimmt. Die Höhe der Sonderfinanzierung (SNCITeil) kann zwischen 12.500 EUR und 10 Millionen Euro variieren. Mehr Infos finden Sie hier. 5. Steierlech Moossnamen fir Betriber mat Liquiditéitsproblemer: o Antrag zur Streichung der Vorschüsse auf die Einkommenssteuer für das 1, und 2, Quartal. https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/annulation-avances-trimestrielles.html o Zahlungsfrist-Antrag für die Einkommenssteuer, die kommunale Gewerbesteuer und die Vermögenssteuer (ZahlungsfristAntrag). Formular: https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/delai-paiement.html Anträge auf Stornierung von Vorschüssen und Zahlungsfristen werden von der Verwaltung automatisch akzeptiert. Darüber hinaus wurde die Frist für die Einreichung von Steuererklärungen bis zum 30. Juni 2020 verlängert. 6. Flexibilitéit bei den Sozialversécherungsbäiträg: https://guichet.public.lu/de/actualites/2020/mars/20-coronavirus-mesures-cotisations-sociales.html
Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445
Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550
Kontakt Service Regional Wirtschaft:
Kontakt Chambre de Commerce:
Kontakt Chambre des Métiers
christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu
covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/
contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19