Skip to main content

UPDATE: Hëllefen fir Betriber am Kader vun der COVID-19 Pandemie

Page 1

INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber 1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber an ASBL: o Fall 1: D‘Aktivitéit vun Ärem Betrib huet wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) missen ophalen. o Fall 2: Falls d‘Aktivitéit vun Ärem Betrib net vum Reglement Grand-Ducal betraff ass, mee: o De Betrib huet net méi genuch Léit fir d’Produktioun / Aarbecht ze assuréieren; o D’Liwwerante kënnen de Betrib net méi approvisionéieren; o Massiven Abroch vun der Demande / Clientèle wéinst dem Coronavirus. A béiden Fäll kënnen d‘Gehaltskäschte vun de Salariéen déi net méi beschäftegt kënne ginn, bis zu 80% rembourséiert ginn. D‘Demande muss online gemaach ginn via dësen Link, an fir all Mount renouvelléiert ginn. Méi Detailer fannt dir hei.

Hotline ‘’Chômage partiel’’: 8002 9191 2. „Fonds d‘urgence“ fir ganz kléng Betriber (0 – 9 Vollzäitaarbechter) an Independants (5.000 EUR): Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) hun missen zou maachen, kënnen eng Hëllef vun 5000 EUR kréien. Konditiounen: de Betrib eng valabel Autorisatioun d‘établissement vum Mëttelstandsministère, maximum 9 Vollzäitaarbechter an ee Joresëmsaz vu minimum 15.000 EUR. Link fir de Formulaire a méi Infoen. 3. „Fonds d‘urgence complémentaire“ fir ganz kléng Betriber (0 – 9 Vollzäitaarbechter) an Independants (5.000 EUR): o Fall 1: Betriber déi weiderhin weinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) mussen zou bleiwen, kënnen eng zousätzlech Hëllef vun 5000 EUR ufroen (falls d‘Hëllef Nummer 2 schonn eng kéier ugefrot gouf). o Fall 2: Betriber déi hunn missen zoumaachen elo nees op sinn, mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. o Fall 3: Betriber déi net hunn missen zoumaachen, mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. Méi Informatiounen an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. 4. „Indemnité d‘urgence“ fir Betriber tëschent 10 – 20 Vollzäitaarbechter (12.500 EUR): Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) hunn missen zou maachen an nach ëmmer zou sinn (Fall 1), déi hunn missen zoumaachen an elo nes op sinn (Fall 2) oder déi net hunn missen zoumaachen (Fall 3) mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires hate, kënnen eng Hëllef vun 12.500 EUR ufroen. Méi Informatiounen an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. 5. „Fonds d‘urgence“ fir Independants (2.500 EUR): Jiddereen deen als Independant fir seng Haaptaktivitéit ugemellt ass an cotiséiert, kann eng Hëllef vun 2500 EUR kréien. Konditiounen: o Et muss een als Independant bei der Sozialversécherung affiliéiert sinn. Wichteg: Et muss een déi néideg Autorisatiounen hunn fir déi betreffend Aktivitéit. o Et däerf een net méi wéi 2,5 Mol de Mindestloun cotiséieren, d.h. 5.354,98 EUR pro Mount oder 64.259,70 pro Joer o Et muss ee manner wéi 10 Léit beschäftegen an temporär finanziell Schwieregkeete wéinst dem Coronavirus hunn. Wichteg : Et ass een automatesch als Independant ugemelt bei der Sozialversécherung wann ee méi wéi 25% vun den Parts Sociales vun sengem Betrib (SARL,SENC, SCS) huet, oder een Administrateur, Commandité oder Mandataire délegué fir d‘Gestioun vun enger SA, SCA oder SCOP ass. Dës Hëllef kann net mam Fonds d‘urgence fir ganz kléng Betriber an Independants (Nummer 2) cumuléiert ginn. Méi Infoen an de Formulaire fannt Dir hei. 6. Néien „Fonds d‘urgence“ fir Independants (3.000 , 3,500 oder 4.000 EUR): Independants kënnen elo eng zousätzlech net remboursabel Hëllef (par rapport zur Hëllef 5) vun 3000, 3500 oder 4000 EUR kréien. Konditiounen: o Et war een den 15. Mäerz 2020 als d‘Independant fir eng Haaptaktivitéit bei der Sécurité sociale ugemellt ; o Et huet een déi néideg Autorisatioune fir seng Aktivitéit auszeüben ; o Et huet en 2019 minimum 0,5 an maximum 2,5 mol den Mindestloun cotiséiert (d.h. tëschent 12.851,94 – 64.259,70 EUR Brutto pro Joer) : bei enger Cotisatioun vun 0,5 – 1,5 mol den Mindestloun kann een 3000 EUR kréien, 1,5 – 2 mol: 3500 EUR an 2 – 2,5: 4000 EUR; o Et huet een am Moment Finanziell Schwieregkeeten déi een direkten Zesummenhang mat der COVID-19 Pandemie hunn. Wichteg Prezisiounen : dëst Hëllef ass net exklusiv fir déi, déi eng Autorisatioun d‘Etablissement hunn, och aner Beruffer (z.B.: Agents d‘Assurance, Ingenieurs, Affekoten etc.) sinn éligibel. D’Hëllef kann mat aner Hëllefen cumuléiert ginn, d‘Unzuel vun de Salariés gëtt net gekuckt. Néideg Beleg sinn een Certificat de Revenu vun 2019 vun der CCSS an ee RIB vum Konto vum Independant (opgepasst: net vum Konto vum Betrib!) Méi Infoen fannt Dir hei, den Formulaire ass ab den 13. Mee disponibel.

7. Betriber / Independants mat temporär finanziell Schwieregkeeten: Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef kréie fir Fonctionnementskäschten (Loyer + Salaireskäschten) ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe fannt dir an dësem Video, den Zougang zum online Formulaire fannt Dir hei.

Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445

Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550

Kontakt Service Regional Wirtschaft:

Kontakt Chambre de Commerce:

Kontakt Chambre des Métiers

christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu

covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/

contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook