INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber 1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber an ASBL: o Fall 1: D‘Aktivitéit vun Ärem Betrib huet wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) missen ophalen. o Fall 2: Falls d‘Aktivitéit vun Ärem Betrib net vum Reglement Grand-Ducal betraff ass, mee: o De Betrib huet net méi genuch Léit fir d’Produktioun / Aarbecht ze assuréieren; o D’Liwwerante kënnen de Betrib net méi approvisionéieren; o Massiven Abroch vun der Demande / Clientèle wéinst dem Coronavirus. A béiden Fäll kënnen d‘Gehaltskäschte vun de Salariéen déi net méi beschäftegt kënne ginn, bis zu 80% rembourséiert ginn. D‘Demande muss online gemaach ginn via dësen Link, an fir all Mount renouvelléiert ginn. Méi Detailer fannt dir hei.
Hotline ‘’Chômage partiel’’: 8002 9191 2. „Fonds d‘urgence“ fir ganz kléng Betriber (0 – 9 Vollzäitaarbechter) an Independants: Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) hun missen zou maachen, kënnen eng Hëllef vun 5000 EUR kréien. Konditiounen: de Betrib eng valabel Autorisatioun d‘établissement vum Mëttelstandsministère, maximum 9 Vollzäitaarbechter an ee Joresëmsaz vu minimum 15.000 EUR. Link fir de Formulaire a méi Infoen. 3. „Fonds d‘urgence complémentaire“ fir ganz kléng Betriber (0 – 9 Vollzäitaarbechter) an Independants: o Fall 1: Betriber déi weiderhin weinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) mussen zou bleiwen, kënnen eng zousätzlech Hëllef vun 5000 EUR ufroen (falls d‘Hëllef Nummer 2 schonn eng kéier ugefrot gouf). Zousätzlech trefft dat elo och fir folgend Fäll zou : o Fall 2: Betriber déi hunn missen zoumaachen elo nees op sinn, mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. o Fall 3: Betriber déi net hunn missen zoumaachen, mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. Méi Informatiounen an de Formulaire (disponibel am Laf vun dëser Woch) fannt Dir ënnert dësem Link. 4. „Indemnité d‘urgence“ fir Betriber tëschent 10 – 20 Vollzäitaarbechter: Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz 2020 (Kapitel 3) hunn missen zou maachen an nach ëmmer zou sinn (Fall 1), déi hunn missen zoumaachen an elo nes op sinn (Fall 2) oder déi net hunn missen zoumaachen (Fall 3) mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires hate, kënnen eng Hëllef vun 12.500 EUR ufroen. Méi Informatiounen an de Formulaire (disponibel am Laf vun dëser Woch) fannt Dir ënnert dësem Link. 5. „Fonds d‘urgence“ fir Independants: Jiddereen deen als Independant fir seng Haaptaktivitéit ugemellt ass an cotiséiert, kann eng Hëllef vun 2500 EUR kréien. Konditiounen: o Et muss een als Independant bei der Sozialversécherung affiliéiert sinn. Wichteg: Et ass een automatesch als Independant ugemelt bei der Sozialversécherung wann ee méi wéi 25% vun den Parts Sociales vun sengem Betrib (SARL,SENC, SCS) huet, oder een Administrateur, Commandité oder Mandataire délegué fir d‘Gestioun vun enger SA, SCA oder SCOP ass. o Et muss een déi néideg Autorisatiounen hunn fir déi betreffend Aktivitéit. o Et däerf een net méi wéi 2,5 Mol de Mindestloun cotiséieren, d.h. 5.354,98 EUR pro Mount oder 64.259,70 pro Joer o Et muss ee manner wéi 10 Léit beschäftegen an temporär finanziell Schwieregkeete wéinst dem Coronavirus hunn. Wichteg : dës Hëllef kann net mam Fonds d‘urgence fir ganz kléng Betriber an Independants (Nummer 2) cumuléiert ginn. Méi Infoen an de Formulaire fannt Dir hei. 6. Betriber / Independants mat temporär finanziell Schwieregkeeten: Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef kréie fir Fonctionnementskäschten (Loyer + Salaireskäschten) ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe fannt dir an dësem Video, den Zougang zum online Formulaire fannt Dir hei. 7. Steierlech Moossnamen fir Betriber mat Liquiditéitsproblemer: o Antrag zur Streichung der Vorschüsse auf die Einkommenssteuer für das 1, und 2, Quartal. https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/annulation-avances-trimestrielles.html o Zahlungsfrist-Antrag für die Einkommenssteuer, die kommunale Gewerbesteuer und die Vermögenssteuer (Zahlungsfrist-Antrag). Formular: https://impotsdirects.public.lu/fr/formulaires/contribuables/delai-paiement.html Anträge auf Stornierung von Vorschüssen und Zahlungsfristen werden von der Verwaltung automatisch akzeptiert. Darüber hinaus wurde die Frist für die Einreichung von Steuererklärungen bis zum 30. Juni 2020 verlängert. 8. Flexibilitéit bei den Sozialversécherungsbäiträg: https://guichet.public.lu/de/actualites/2020/mars/20-coronavirus-mesures-cotisations-sociales.html
Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445
Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550
Kontakt Service Regional Wirtschaft:
Kontakt Chambre de Commerce:
Kontakt Chambre des Métiers
christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu
covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/
contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19