INFORMATIOUN – CORONA VIRUS Aktuell Hëllefsmoossnamen fir Betriber Chômage (HOTLINE : 8002 91 91 → vun 8 - 17 Auer)
Remboursabel Bäihëllefen fir Betriber a Selbststänneger
1. Regime „Chômage partiel“ fir kléng, mëttel a grouss Betriber : o Fall 1: Betriber aus dem HORECA, Tourismus oder Evenementiel Secteur kënne weiderhi vum "Chômage partiel„ profitéieren. Konditioun: Net méi wéi 25% vun den Aarbechter kënne bis den 31/12/2020 entlooss ginn. Z.B.: Wann de Betrib 8 Aarbechter huet, kënne maximal 2 Aarbechter bis den 31/12/2020 entlooss ginn. o Fall 2: Aner Aktivitéitssecteure kënnen den "Chômage partiel„ och weiderhin ufroen, däerfen awer bis den 31/12/2020 keen Aarbechter entloossen. D‘Ufro fir den "Chômage partiel" ass limitéiert op 25% vun den Aarbechter fir d‘Méint Juli an August, 20% fir d‘Méint September an Oktober an 15% fir d‘Méint November an Dezember. Z.B.: Ee Betrib mat 8 Aarbechter ka fir d‘Méint Juli an August maximal 2 Léit am "Chômage partiel" hunn. o Fall 3: Industriell Betriber kënnen den „Chômage partiel de source conjoncturelle“ ufroen. Méi Detailer fannt Dir hei. Wichteg: D‘Demande fir den Mount Juli muss tëschent dem 20 – 26 Juni agereecht ginn an fir de Mount August tëschent dem 1 – 12 Juli agreecht ginn. fir d‘Méint September, Oktober, November an Dezember muss d‘Demande speitstens den 12 Dag vum vieregten Mount deen concernéiert ass agereecht ginn. Z.B.: virum 12 August fir eng Demande déi sech op de Mount September bezitt. Méi Detailer, alleguer d‘Konditioune an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link.
Net remboursabel Bäihëllefen fir Betriber a Selbststänneger 2. „Fonds d‘urgence“ fir ganz kléng Betriber (0 – 9 Vollzäitaarbechter) an Independants (5.000 EUR): Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz hun missen zou maachen, kënnen eng Hëllef vun 5000 EUR kréien. Konditiounen: de Betrib eng valabel Autorisatioun d‘établissement vum Mëttelstandsministère, maximum 9 Vollzäitaarbechter an ee Joresëmsaz vu minimum 15.000 EUR. Link fir de Formulaire a méi Infoen. 3. „Fonds d‘urgence complémentaire“ fir ganz kléng Betriber an Independants (0 – 9 Vollzäitaarbechter, 5.000 EUR): o Fall 1: Betriber déi weiderhin weinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz mussen zou bleiwen, kënnen eng zousätzlech Hëllef vun 5000 EUR ufroen (falls d‘Hëllef Nummer 2 schonn ugefrot gouf). o Fall 2: Betriber déi hunn missen zoumaachen elo nees op sinn, mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. o Fall 3: Betriber déi net hunn missen zoumaachen, mee tëschent dem 15 Abrëll 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires haten. Méi Informatiounen an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. 4. „Indemnité d‘urgence“ fir Betriber (10 – 20 Vollzäitaarbechter, 12.500 EUR): Betriber déi wéinst dem Reglement Grand-Ducal vum 18. Mäerz hunn missen zou maachen an nach ëmmer zou sinn (Fall 1), déi hunn missen zoumaachen an elo nes op sinn (Fall 2) oder déi net hunn missen zoumaachen (Fall 3) mee tëschent dem 15 Abrëll - 15. Mee eng Baisse vu méi wéi 50% vum Chiffres d‘Affaires hate, kënnen eng Hëllef vun 12.500 EUR ufroen. Méi Informatiounen an de Formulaire fannt Dir ënnert dësem Link. 5. Bäihëllefen fir investissementer Investissementer an der Innovatioun vu Prozeduren / Organisatioun (Digitalisatioun) oder am Beräich Energieeffizienz an ëmweltfrëndlech Projets kënnen zu 50% ënnerstëtzt ginn. Investissementer an néien Equipementer kënnen ofhängeg vun der Gréisst vum Betrib tëschent 20 – 30% ënnerstëtzt ginn. Dobäi kennt eng supplementar Tranche vun 20% wann een an d‘Kreeslafwirtschaft investéiert. Méi Informatioune ginn an den nächsten Deeg bekannt.
Helpline Chambre de Commerce: 42 39 39 – 445 Kontakt Service Regional Wirtschaft: christiane.francisco@naturpark-mellerdall.lu www.naturpark-mellerdall.lu
6. „Avance rémboursabel„ fir Betriber / Independants mat temporär finanziell Schwieregkeeten: Betriber, déi wéinst dem Corona Virus temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, kënnen eng Hëllef kréie fir Fonctionnementskäschten (Loyer + Salaireskäschten) ze decken. D‘Hëllef ass a Form vun enger „Avance récupérable“ a muss no 12 Méint zeréckbezuelt ginn. Méi Infoe fannt dir an dësem Video, den Zougang zum online Formulaire fannt Dir hei. Wichteg: Dës Hëllef gouf fir 4 Méint verlängert, déi néi Deadline ass den 15. September.
Net remboursabel Bäihëllefen fir Selbststänneger 7. „Fonds d‘urgence“ fir Independants (2.500 EUR): Jiddereen deen als Independant fir seng Haaptaktivitéit ugemellt ass an cotiséiert, kann eng Hëllef vun 2500 EUR kréien. Konditiounen: o Et muss een als Independant bei der Sozialversécherung affiliéiert sinn an déi néideg Autorisatiounen hunn fir déi betreffend Aktivitéit. o Et däerf een net méi wéi 2,5 Mol de Mindestloun cotiséieren, d.h. 5.354,98 EUR pro Mount oder 64.259,70 pro Joer o Et muss ee manner wéi 10 Léit beschäftegen an temporär finanziell Schwieregkeete wéinst dem Coronavirus hunn. Dës Hëllef kann net mam Fonds d‘urgence fir ganz kléng Betriber an Independants (Nummer 2) cumuléiert ginn. Méi Infoen an de Formulaire fannt Dir hei. 8. Néien „Fonds d‘urgence“ fir Independants (3.000 , 3,500 oder 4.000 EUR): Independants kënnen elo eng zousätzlech net remboursabel Hëllef (par rapport zur Hëllef 5) vun 3000, 3500 oder 4000 EUR kréien. Konditiounen: o Et war een den 15. Mäerz 2020 als d‘Independant fir eng Haaptaktivitéit bei der Sécurité sociale ugemellt ; o Et huet een déi néideg Autorisatioune fir seng Aktivitéit auszeüben ; o Et huet en 2019 minimum 0,5 an maximum 2,5 mol den Mindestloun cotiséiert (d.h. tëschent 12.851,94 – 64.259,70 EUR Brutto pro Joer) : bei enger Cotisatioun vun 0,5 – 1,5 mol den Mindestloun kann een 3000 EUR kréien, 1,5 – 2 mol: 3500 EUR an 2 – 2,5: 4000 EUR; o Et huet een am Moment Finanziell Schwieregkeeten déi een direkten Zesummenhang mat der COVID-19 Pandemie hunn. Wichteg Prezisiounen : dëst Hëllef ass net exklusiv fir déi, déi eng Autorisatioun d‘Etablissement hunn. D’Hëllef kann mat aner Hëllefen cumuléiert ginn, d‘Unzuel vun de Salariés gëtt net gekuckt. Méi Infoen fannt Dir hei.
Secteurspezifesch net remboursabel Bäihëllefen 9. „Fonds de relance et de solidarité“ (1250 EUR oder 250 EUR pro Salarié): Betriber oder Selbststänneger déi a folgende Secteuren aktiv sinn : HORECA, Campings, Evenementiel, Kultur, Tourismus, Fitness Studioen oder Änleches, kënne wärend enger Periode vu 6 Méint, eng Hëllef vun 1250 EUR (pro Mount) pro Salarié deen schafft an 250 EUR (pro Mount) pro Salarié deen am "Chômage partiel" ass kréien. Betriber mat manner wéi 10 Salariés kënne maximum 10.000 EUR pro Mount kréien, tëschent 10 bis 50 Salariés ass de maximum 50.000 EUR pro Mount a bei méi wéi 50 Salariés ass de Maximum 100.000 EUR pro Mount. Konditiounen: de Betrib muss seng Aktivitéit erëm gestart hunn an een Abroch vu 25% oder méi vum Ëmsätz hunn. Méi Infoe kommen no. 10. „Aide de redémarrage“ fir den Eenzelhandel (1000, 750 ouder 500 EUR pro Salarié): Wärend enger Periode vun 3 Méint kënnen Eenzelhändler (Commerce de Detail, inklusiv „Soins à la Personne“ z.B. Coiffeuren) déi een Accès fir de Public hunn eng Hëllef pro Salarié kréien. Fir de Mount Juni leit déi bei 1000 EUR pro Salarié, fir de Mount Juli bei 750 EUR pro Salarié a fir de Mount August bei 500 EUR pro Salarié. Konditiounen: Et huet ee manner wéi 250 Salariés, kee Salarié däerf am Chômage partiell sinn, de Betrib muss op sinn, an entweder huet een an der Periode vum 15/03 – 15/05 missen zoumaachen oder et huet een een Abroch vu méi wéi 50% vum CHIDA. De Plaffong vun dëser Hëllef leit bei 50.000 EUR de Mount. Méi Infoe ginn an den nächsten Deeg op Guichet.lu verëffentlecht.
Hotline Chambre des Metiers : 42 67 67 - 550
Kontakt Chambre de Commerce: covid19@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu/
Kontakt Chambre des Métiers contact@cdm.lu www.yde.lu/gestion-entreprise/covid19