Skip to main content

De Panewippchen 3/2016

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

n

N°116 3/2016

Schlofen an

Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère gemaach

e r D

e m e

www.panda-club.lu


News

Wat ass hei geschitt?

Rektifikatioun Am leschte Panewippchen ass eis e Feeler ënnerlaf: Den Text vum Poster «Op der Plage» gouf geschriwwe vum Mike Hagen an net vum Claude Heidt.

An deem Vullenhaus hu jonk Meese gejaut, fir gefiddert ze ginn. Dat huet en hongrege Bontspiecht héieren an hien huet séier en 2. Lach an d’Vullenhaus gemeesselt an déi jonk Meesen entweder selwer giess oder u seng Kanner verfiddert. Och wann dat grausam kléngt, ass dat awer ganz normal an der Natur. Verschidden Déieren iesse Planzen an anerDéieren (wéi kleng Vullen). Du ëss jo och heiansdo e Biftek.

Nuetspäiperlek am Gaart D’Nelly Erang huet dësen Nuetspäiperlek a sengem Gaart zu Miersch fotograféiert. Den Expert Marcel Hellers huet erausfonnt, datt et en Eschenspanner (Ennomos fuscantaria) ass. Bei dëser Aart hunn d’Männer ganz grouss Antennen, mat

deene si gutt riche kënnen. D’Raup vum Eschenspanner lieft op Eschen an um Liguster. Well dës Raup keng Been huet, mécht si beim Krauchen e ronne Bockel (op däitsch: «sie spannt einen Bogen»), an dohier kënnt den Numm vun der Famill.

Eschenspa dusky thornnner, ennomos du frê , Ennomos fuscantarine, a TEXT: CLAUDE HEIDT

2 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


PW 3/2016 Wat ass dran?

Museumsnacht in Luxemburg 8. Oktober 2016 von 18 bis 1 Uhr Teilnehmende Museen Villa Vauban – Musée d’Art de la Ville de Luxembourg • Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain • Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg • Musée national d’histoire et d’art • Musée national d’histoire naturelle – ‘natur musée’ • Musée Dräi Eechelen : Forteresse, Histoire, Identités • Mudam Luxembourg – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean

Gratis Shuttleservice in Zusammenarbeit mit: BMW Muzzolini – Ville de Luxembourg – Frënn vum ale Stater Bus – Routemaster

www.museumsmile.lu 05247_SM_NDM_ANN_2016_120x200.indd 1

Den ‘natur musée’ ass lo och op facebook!

www.facebook.com/MNHNL

22/08/2016 17:38

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2016 Thema: Luucht an Däischtert SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 FUERSCHUNG AM MUSÉE D’Paleontologie SÄIT 8 DE BELVAL AN URZÄITEN SÄIT 10 SCHLOFEN SÄIT 14 DREEMEN SÄIT 17 KNIWWELEN eng Lanter SÄIT 18 IDDIEN, FIR GUTT ZE SCHLOFEN SÄIT 21 KNIWWELEN eng Hierschtfladder SÄIT 22 INEMURI SÄIT 25 FIR MAT ZE SANGEN Richteg schlofen SÄIT 26 LIICHTVERSCHMOTZUNG SÄIT 28 DE VULLENZUCH SÄIT 34 WÉI ENG HECK ASS DAT? SÄIT 38 D’WANTERLANN SÄIT 42 KNIWWELEN mat Lannenholz Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’

I3


ra s

hu mp hr i e si a nu m

Fuerschung a

ph e t S

4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

o an

ce


am ‘natur musée’: Paleontologie D’Paleontologie ass d‘Wëssenschaft, déi sech mat de Fossilie beschäftegt. E Fossil ass en Déier oder eng Planz, déi viru méi wéi 10.000 Joer op der Äerd gelieft huet an elo a verstengerter Form vun engem Mënsch ausgegruewe gouf. Net all Liewewiese gëtt automatesch ee Fossil, nodeems et gestuerwen ass. Fir datt ee Fossil entsteet, mussen d’Iwwerreschter vun Déieren oder Planze séier mat Sand oder Bulli bedeckt ginn, fir datt se net komplett vermuuschten. Dat

geet natierlech am beschte mat haarden Deeler vum Kierper, wéi Schanken oder Schuelen. Mëll Deeler fossiliséieren nëmmen ganz seelen. Am ‘natur musée’ ginn et zech dausend Fossilie vu Temnodonto saurus

verschidden Déieren- a Planzenaarten. Besonnesch spektakulär ass z.B. de Schädel vun engem Temnodontosaurus aus dem Minett, ee vun de gréisste Waasserreptilie vu senger Zäit. Hei huet hie virun 180 Millioune Joer, zesumme mat méi klenge Fëschsaurier (kuck Säit 9), gelieft.

Ste

PS: Dës an nach ganz vill aner Fossilie kënnt dir geschwënn an der neier Ausstellung am ‘natur musée’ mat eegenen Aen bewonneren.

p no

te

iu ryg

s

TEXT: MICHELLE SCHALTZ

I5


MikroPaleontologiE mam Ben thuy

0,63 mm grouss Siftlächer

0,15 mm 1 mm

2 mm De Ben Thuy ass Paläontolog am ‘natur musée’. Hien huet sech schonn an der Schoul fir Fossilie begeeschtert, an nom Studium an Däitschland konnt hie säin Hobby zum Beruff maachen. Hie befaasst sech virun allem mat sougenannte Mikrofossilien. Dat si Fossilien, déi sou kleng sinn, datt ee se kaum méi mam bloussen A erkennt. Du hues vläicht schonn eng Kéier eppes vun engem Schlaangestäer héieren? Hien ass e Cousin vum Séistär, deen s du ganz bestëmmt schonn op der Plage begéint

hues. De Schlaangestär ass een zimlecht grousst Déier. Säi Skelett besteet awer aus ganz ville klenge Plättercher. Nom Doud vum 6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

Déier falen déi Plättercher no kuerzer Zäit auserneen. D’Plättercher kënnen dann als Mikrofossil verstengeren, an et si genee déi, fir déi de Ben sech intresséiert. Fir si ze fannen, muss hien als éischt um Terrain

Bullisprouwen huelen. Intressant Mikrofossilie fënnt een dacks am Leem. Mee wéi kritt een d’Mikrofossilien aus dem Leem eraus? Je nodeems wéi pecheg de Leem ass, benotzt de Ben Waasserstoffperoxid. Dat ass eng Chemikalie, déi de Coiffer och benotzt, fir d’Hoer ze bleechen. Wann d’Chemikalie mat Leem a Kontakt kënnt, fänkt et un ze blubberen an d’Leemschichte gi gesprengt.

Dono gëtt eis Prouf duerch verschidde Sifter gerëselt, fir déi intressant Fossilie vum Stëbs a vum Dreck ze trennen an der Gréisst no ze sënneren. Déi intressant Schlaangestär-Plättercher si kaum 1 Millimeter grouss. Dofir benotzt de Ben eng *Stereolupp fir d’Plättercher

aus de gesifte Prouwen erauszesichen, ze kucken an erauszefannen, vu wéi engem Schlaangestär se stamen. Där Schlaangestäre ginn et nämlech eng sëllechen. Déi éischt Schlaangestären, sou wéi mir se haut kennen, gouf et scho virun 370 Millioune Joer an eleng haut ziele mir méi wéi 2000 verschidden Aarten. Si liewe sou gutt wéi


Wat wëll de Ben da genee erausfannen?

iwwerall um Mieresbuedem, vun de Am Moment Pole bis zum Äquator a intresséieren ech mech vum Strand bis an déi fir d’Schlaangestären, déifste Mieresschluchten. Fir sou eng Schlaangestär- déi virun ongeféier 180 Millioune Joer gelieft hunn. Plättche méi genee Zu dëser Zäit gouf et eng ze ënnersichen, geet Klimaverännerung, déi d’Stereolupp awer net dem Klimawandel vun haut gläicht.

ëmmer duer. Do muss de Ben de sougenannten *Elektronemikroskop benotzen. Hei bleift d’Bild och bei ganz extreemer Vergréisserung schaarf an erlaabt et dem Ben souguer winzeg Detailer vun de Plättercher genee ze ënnersichen.

Dës Foto ass mat engem Elektronemikroskop gemaach ginn.

Well d’SchlaangestärMikrofossilie sou wäit verbreet an heefeg sinn, kann ee si benotzen, fir erauszefannen, wéi d’Déieren an d’Planzen, déi deemools am Mier gelieft hunn a vum deemolege Klimawandel beaflosst goufen. Dës Informatioune kënnen da vun anere Wëssenschaftler benotzt ginn, fir méiglech Verännerunge während eisem Klimawandel virauszegesinn.

Iwwregens wësst dir jo bestëmmt, datt Lëtzebuerg viru Millioune Joer ganz vun engem Mier bedeckt war. Aus deem Grond fënnt een hei natierlech och besonnesch vill SchlaangestärMikrofossilien.

Fir erauszefannen, wéi d’Fossilien heeschen, setzen ech se op eng Plack an da kucken ech se ënner dem Elektronemikroskop. Dësen Tableau hunn ech a mengem Büro hänken, als Hëllef bei der Bestëmmung vun de Fossilien.

TEXT: MICHELLE SCHALTZ

I7


:

de Belval an Urzaiten

8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Liewen am Juramier An der ënneschter Jurazäit (virun 180-190 Millioune Joer) war Lëtzebuerg vum Mier bedeckt. Um Land hunn Dinosaurier gelieft. Am Mier gouf et allerhand Zorte vu Muschelen, Kappféisser (=Tënte„fësch”), Mieressaurier a Fësch. D’Iwwerreschter vun dësen Déiere fanne mer haut als Fossilien, z. B. um Belval. Dat gesäit jo aus, wéi wann een déi Schicht ugestrach hätt! Déi Schicht ass bestëmmt rout, well do Eisen dran ass.

Fossilie vum Belval Crassum-Schicht

Catac

Bei der Gare BelvalUniversité gouf bei Tunnelaarbechten eng rout, ca. 20 cm déck Schicht ugeschnidden. Si gëtt „Crassum-Schicht” genannt, well vill Ammonitte vun der Aart Catacoeloceras crassum dra sinn. Reschter vu Fësch a vu Mieressaurier si méi rar.

Kappféisser Och d’Ammonitte ware Kappféisser a keng Schleeken. Si haten eng planspiral Schuel.

as ce r o l

locera s

Hildoceras

Phy l

D’Belemnitte ware Kappféisser. Si hunn ongeféier esou ausgesinn, wéi d’Kalamaren haut.

oe

Fëschsaurier Dat ass ee Wierbel vun engem Fëschsaurier. Déi Mieressaurier konnten net méi u Land goen. Si hu missen opdauchen, fir ze ootmen, grad wéi d’Delfinen haut.

TEXT: GUY KERSCH

I9


Ech krut erzielt, dir zwee kommt owes ni mat Zäit an d‘Nascht a moies sidd der da midd. Hutt dir dann eng Iddi, firwat mer iwwerhaapt musse schlofen?

Well meng Elteren dat wëllen?

Wat erziels du do, mir musse schlofen, well mer midd sinn.

Du Schlauen, a firwat gi mer da midd?

10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Net streiden! Denkt mol no: Wéi fillt der iech, wann der midd sidd a wann der ausgeschlof sidd?

Wann ech gutt geschlof hunn, üben ech ëmmer moies sangen. Owes, wann ech midd sinn, da geet dat guer net sou gutt. Do maachen ech da léiwer eppes Roueges, wéi de Panewippchen liesen. Moies, wann ech ausgeschlof sinn, hunn ech vill méi Geschéck bei der Méckejuegd, wéi wann ech midd sinn. Jo, an och an der Schoul kann ech mech besser konzentréieren, wéi nomëttes. Do wëll ech da ganz vill ronderëm fléien an net méi sou vill nodenken.

Do hutt der d’Äntwert: Mir schlofen, fir wakereg a fit ze sinn a fir gutt kënnen ze léieren.

Geet raschten dann do net duer? Firwat musse mer da schlofen?

Oh, dat ass eng gutt Fro, op déi souguer d’Wëssenschaftler nach net sou laang eng Äntwert hunn. Am Schlof raschte mer, mee do gëtt och gebotzt a geraumt am Kierper a besonnesch am Gehir. Wat heescht dat dann? Klammen do Wichtelmännercher mat der Kierbiischt a mäi Kapp eran?

Natierlech net! Mee d’Organer, déi de Kierper “botzen”, wéi d‘Liewer an den Daarm, sinn am Schlof besonnesch aktiv. An am Gehir gëtt och nach geraumt.

TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE

I 11


Wat ziels du eis do? Raumen am Kapp? Am Schlof ass d’Gehir dach “ausgeknipst”. Mech kanns de da mam Nascht fortdroen, ech giff net wakereg ginn.

Neen, däi Gehir ass am Schlof ganz aktiv, a net ausgeschalt, dat kënnt der nëmme sou vir. Well am Schlof, virun allem dann, wa mer dreemen, gëtt villes verschafft an zortéiert, wat mer de ganzen Dag iwwer erlieft hunn.

Mee firwat mécht d’Gehir dat dann net, wann ech wakereg sinn?

Wann s de schléifs, huet d ‘Gehir méi Rou an ass net domat beschäftegt, dech beim Fléien an der Luucht ze halen, opzepassen, datt s de net an e Bam flitts oder dofir ze suergen, datt s de genuch Mécken an de Bauch kriss. 12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

OK, dat heescht, et ass net mat ëmmer neien Aufgabe beschäftegt a ka sech voll op d’Opschaffe vun dagiwwer Erlieftem konzentréieren. Do wier ech ni drop komm!

Jo, dat heescht dann och, datt ee genuch muss schlofen, fir datt d’Gehir seng Nuetsaarbecht uerdentlech ka maachen. Well dat, wat der am Dag maacht an üübt, gëtt an der Nuecht nach eng Kéier verschafft an nei zortéiert.

Dofir kënnt et mer heiandsdo fir, wéi wann ech an der Nuecht nach eppes dobäi geléiert hätt. Meng Bomi sot ëmmer virun enger Prüfung, wann ech owes gejéimert hunn: «ech weess guer näischt méi, obschonns ech gutt geléiert hunn»: «Lee d’Buch ënnert d’Kappkëssen, da kënnt alles rëm an de Kapp». Dann ass jo eng Wourecht dobäi?


Jo, dat kënnt der net nëmme sou fir, dat ass esou. Mee et gëtt eppes, wat een nëmmen am Schlof mécht. Rot mol wat dat ass?

Schnaarchen? Jo, och, mee ech mengen eppes aneres, eppes Wichteges.

Nei Fiedere kréien?

Jo, nei Fiedere wuessen haaptsächlech am Schlof. Ganz allgemeng wuesst dir am Schlof. Neen, dat ass jo erstaunlech!

Dat an ärem Kierper, wat Krankheete bekämpft, den Immunsystem, ass am Schlof vill méi aktiv, wéi wann der waakreg sidd. Ah, lo verstinn ech, firwat ech soss näischt wëll maache wéi schlofen, wann ech krank sinn. A meng Eltere brénge mer da souguer nach Mécken an d’Nascht, nëmme fir datt ech gutt ka raschten a schlofen. Nodeems der dat lo alles héieren hutt, hutt der lo owes méi Loscht mat Zäit an d’Nascht ze goen? Ech wosst dach, datt lo nach eng giff kommen … Nujee, elo weess ech op d’mannst, firwat dat gutt ass … a vläicht hunn ech jo och nach e coolen Dram! Gutt Nuecht dann!!

Jo! An nach eppes Wichteges passéiert am Schlof. Denkt mol un är lescht déck Erkältung.

Do suz ech de ganzen Dag am Nascht an hu bal déi ganzen Zäit geschlof.

TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE

I 13


Am Dram kënne mer fléien an ënner Waasser ootmen a schwammen, wéi en Delfin. An der Schoul sëtze mer niewent engem Léiw, dee schwätze kann a mir spille Futtball op enger Wiss ënner risege Blummen.

14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

Dat, wat mer dreemen, ass dacks net ze verstoen, mee eis Dreem hunn e Sënn, do sinn d’Wëssenschaftler sech eens. Si hunn nämlech rausfonnt, datt mer am Dram Situatiounen aus dem Alldag duerchspillen, déi eis beschäftegen.


Saachen, op déi mer eis freeën, déi eis Suerge maachen, déi eis béis maachen oder déi eis Angscht maachen. Zum Beispill eng Prüfung, déi eis Angscht mécht, déi nächst Vakanz um Mier, op déi mer eis sou freeën, de Sträit

mat der Frëndin, deen eis traureg mécht … Dat beschäftegt eis zwar och schon dacks, wa mer waakreg sinn, mee am Dram setzt de Verstand eis keng Grenzen. An dofir kommen dann am Dram déi ongewéinlechst Saache raus a mir maachen Erfahrungen, déi mer am richtege Liewe guer net kënne maachen. Sou kann et virkommen, datt mer am Dram eng Léisung fir e Problem fannen oder op ganz nei Iddie kommen, déi eis dann am “richtege” Liewe weiderhëllefen.

TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE

I 15


* Datt een am Dram d’Aen ganz séier hin an hier beweegt, an zwar ënner den zouenen Aendeckelen?

* Datt den Albert Einstein duerch seng Dreem op nei Iddie komm ass?

* Datt de Moler Salvador Dali seng Dreem gemoolt huet?

* Datt een am Mëttelalter ugeholl huet, d’Dreem géifen engem eppes iwwer d’Zukunft soen?

Morp

heu

s de g riich e Gott vum sche Dram

* Datt déi al Griichen a Réimer gemengt hunn, d’Götter géifen hinnen am Dram Rotschléi ginn? 16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016 I TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE


er

d blie

Gebee s

faar a Pi weg Të nsel nt Zalotenueleg

Wuessf aarwe n Téi

ne

Lan

kä

2

wäisse Pabeier

sg

1

las

Bliederlanter Lee d’Blieder mat den Oderen no uewen op den Dësch.

er z

Lee d’Blat Pabeier drop a mol mat der Wuessfaarf iwwer de Pabeier.

3

4

Mol mat faarweger Tënt iwwer däin Drock.

5

Looss dréchnen. Wéckel de Pabeier ronderëm d’Gebeessglas, stréck e Stéck Bast oder Fuedem ronderëm a stell eng Téikäerz dran.

Looss d’Tënt dréchnen. Pinsel Zalotenueleg driwwer, da schéngt d’Luucht duerch de Pabeier.

TEXT: SYLVIE HAGEN I

17


iddien, fir richteg gutt ze schlofen Déi meescht Schoulkanner brauchen tëschent 9 an 11 Stonne Schlof, Erwuessener e bësse manner, sou tëscht 7 a 9 Stonnen. An déi eeler Persounen nach manner.

Mee bei jiddferengem ass dat e bëssen anescht. Déi eng sinn Nuetseilen, déi aner sti mat den Hénger op. Déi eng mussen ëmmer ganz laang schlofen, déi aner brauchen net vill Schlof. Déi eng schlofe wéi e Steen, déi aner struewelen déi ganz Nuecht. Um Réck, um Bauch, op der Säit, de Kapp ënner der Decken, een, zwee oder kee Këssen, mat oder ouni Kuscheldéier. Jiddfereen huet sou seng Schlofgewunnechten.

18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


wéi s du Fann mol raus, t an der schléifs: Ass da cht, wéi de Woch d‘nämle mol deng Weekend? Fro nen, wéi si Frënn a Frëndin schlofen.

Egal wéi s de schléifs, hei e puer Tricken, fir jiddferee fir gutt ze schlofen.

1.

Lauschter op .. dai Kierper! Géi an d’Bett, wann s de midd bass. Hues de am Dag vill erlieft, geléiert a gespillt an du bass midd, da géi roueg fréi schlofen. Sou kanns de dech gutt erhuelen an du hues bestëmmt dann och nach vill intressant Dreem. Bass de net midd, da forcéier dech net, fir ze schlofen, mee maach nach eppes Roueges (Kuck bei Punkt 3).

der 2.Gewinn e Schlof-

rhythmus un.

Leider schellt all moies déi selwecht Zäit de Wecker an du muss opstoen, egal ob s de midd bass oder net. Dofir gewinn der un, ëmmer em déi nämlecht Zäit an d’Bett ze goen, och wann s de nach net richteg prett bass fir ze schlofen. Du wäerts gesinn, mat der Zäit gëss de dann awer zu där Zäit midd an du gëss villäicht souguer moies ouni Wecker waakreg. Och Schlofe kanns de e bëssen trainéieren!

TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE

I 19


3.

Maach virum Schlofen eppes, wat dech berouegt. Schonn eng Stonn iers de wëlls schlofe goen, méchs de eppes Roueges: e Buch liesen, eng Geschicht virliese loossen, an däin Tagebuch schreiwen, … Kuck, datt et an dengem Schlofzëmmer net ze hell ass, zéi d’Ridoen zou a maach keng ze hell Luucht un.

Schiermer vu Computer, Tablet, Smartphone an der Tëlee si sou hell wéi d’Dagesluucht. Dat heescht, si maachen owes waakreg. Huel si net mat an d‘Schlofzëmmer, och net als Wecker.

20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016 I TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE

4.

Schlof an engem rouegen, killen an .. daischteren .. Zemmer.

Fir ze schlofe brauch ee Rou. Wa Geräischer vun dobaussen dech stéieren, maach d’Dir an d’Fënster zou. Et schléift ee besser, wann et kill am Zëmmer ass an ee sech an eng kuscheleg Decke wéckele kann. Am beschte virum Schlofegoen eng Kéier d‘Zëmmer kuerz lëften. Och hell Luucht hält eis vum Schlofen of, dofir schlofen déi meescht gär däischter. Wie sech am Stackdäischteren net wuel fillt, mécht d‘Rolllued net ganz zou oder mécht sech eng kleng Nuetsluucht un.

Wann s de am Dag vill erlieft hues, , da schleifs de gutt.

5.

Erliewen heescht, sech beweegen, raus goen an d‘Natur, Saachen ausprobéieren … Géi also raus an de Bësch, de Park, de Gaart, op d’Spillplaz, … Hei kanns de spillen, aner Kanner treffen a vill Neies entdecken. An dat hëlleft der, net nëmme gutt ze schlofen, mee och eppes Flottes ze dreemen.


Eng Hierschtfladder 1 Buer e Lach duerch d’Mëtt vun der Käscht.

uchs:

Du bra

Krepp

pabe

Kä

ier

Looss der heibäi onbedéngt vun engem Erwuessenen hëllefen!

éi

er

Fic elle scht

S ch r

Handbuere

2

Zéi e Stéck Ficelle duerch d’Käscht a maach op engem Enn e Knuet.

Rull de Krepppabeier…

3

…a schneit Sträifen erof.

Looss e Stéck Ficelle hannert dem Knuet.

Lee se an der Halschent op d’Ficelle.

4

Rësel d’Sträifen auserneen. Maach se mat engem Knuet fest.

6

5 Hal deng Hierschtfladder mat der Ficelle un a schleider se am Krees ronderëm duerch d’Loft. Wat méi séier, wat se méi Geräischer mécht.

7 TEXT: SYLVIE HAGEN I

21


Op ville Plazen an Asien, Afrika a Südamerika schlofen d’Leit an der Öffentlechkeet – egal wéini an och bal egal wou.

居 眠 り

22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Si profitéiere vun all Geleeënheet fir en Tëmpchen ze halen, well dacks sinn d’Nuechte kuerz. D’Leit gi spéit schlofen a sti ganz fréi op. Si schlofen am Metro, am Park, op der Schaff a souguer an der Schoul. Meeschtens nëmme fir eng kuerz Zäit. An Europa ass dat ganz anescht. Wien an der Öffentlechkeet schléift, gëlt als faul.

Wouhir kommen déi Ënnerscheeder? Op der Welt gëtt et

.. drAi grouss Schlofkulturen A Länner mat (nord) europäescher Kultur schlofen d’Leit um Stéck, an der Nuecht.

D’Öffnungszäite vum Zänndokter an der Apdikt a Griechenland

A waarme Länner, virun allem ronderëm d’Mëttelmier, schlofen d’Leit an 2 Etappen: si ginn nuets spéit schlofen, sti mat Zäit op an halen da Mëttes vun 12 Auer un eng laang Siesta. Dann ass et am wäermsten a gutt, fir déi Zäit am Schiet ze verschlofen. TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE I

23


An Asien, Afrika a Südamerika schléift een an enger laanger a ville kuerzen Etappen. Owes geet et spéit schlofen, moies immens fréi op, daagsiwwer gëtt da bei all Geleeënheet kuerz geschlof.

Si hunn e laange Wee bis op d’Aarbecht, si schaffe vu moies ganz fréi bis owes spéit.

A Japan heescht deen Daagsiwwer-Tëmpchen Inemuri:

居眠り

.

Wien dat mécht, gëlt als een, dee ganz fläisseg ass. Dofir dierf een do dann och mol an der Schoul de Kapp e puer Minutten op d’Bänk leeën.

24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016 I TEXT: JACQUELINE DE LA GARDELLE


Richteg schlofen!

Jean-Paul Majerus

b

Cm

Fm

G

Cm

b

Fm

A

rich-teg krass, hues een dé-cke Kapp…__ wich-teg Saach, schlo-fen ass ge-sond…__ Dag er-lieft,_ ëmm-mer op de Been…___

14

b

G (sus4)

A

Cm

zei-deg fir an d’Klapp…___ huet dat oft säi Grond…___ wéi een dé - cke Steen…____

18

b

b

F

B

b

mä e «ee

(sus4)

Gm

b

6

B

(sus4)

b

B

dreem bis muer-ges fréi._

37

b

Mat

b

B

bass

Fm

dree - me

b

E de

rëm

b

Cm

E

b

b

B

E

(sus4)

b

B

b

b

B

E

Refrain

Géi an d’Bett a

Gm

Drud-del dech_ an d’De-cke ran_ an

b

b

E

B

Dat ass im-mens_ an ‘t deet sou gutt,_ well, weess de wat ge-schitt…

Fm

E

__

40

b

B

b

Dätsch! Freckt! Platt!

Cm

b

A

Cm

lo ass Schluss mat Spaass a Spill,_ an bës - se lie - sen dat ass gutt, _ da gud - de Schlof ass Me - de - zin, _ fir

schlof eng Ronn, 10 Ston-nen o - der méi._

32

b

E

B

(ruffen)

d’Aen, déi fa-len zou.____ schléifs du fest bis muer.__ Kier - per, Séil a Geescht»!

27

b

B

A

E

drop an ëm - mer frou, _ näischt beim Bett ver-luer, __ weess jo wéi et heescht, _

22

G

De gan-zen Dag war s du um Dill, _ gutt Den Han-dy, Ta - blet a P - C____ hunn Géi fréi an d’Klapp a schlof dech aus,_ du

b

B

b

Fm

A

du fills dech sou rich-teg platt, wann s du net gutt schlo-fe kanns, fälls du o - wes an däi Bett,

A

G

b

Cm

G

D’Schoul war haut rëm Schlo - fen ass eng Hues du vill am

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op: inecc.lu/pw

9

A

b

B

gëtt

Cm d’Ge - hir

Cm

ge - botzt, _

da

top - fit!

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

25


Lëtzebuerg

Wann an der Nuecht d’Land liicht, wéi soss de Stärenhimmel, gesäit dat zwar schéin aus, mee et huet vill Nodeeler. A ville Stied an op ville Plazen an Europa kënne mir d’Stären net méi gesinn, well et ze vill hell ass. Mir schwätze vu

26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Déi vill iwwerdriwwe Beliichtung ka fir Mënschen, Déieren an och Planzen allerlee Problemer mat sech bréngen. Zum Beispill d’Insekten: Ugelackelt vum Liicht fléien dausende vun nuetsaktiven Insekte ronderëm Stroosseluuchten, beliichte Sportsplazen asw.. Si gi sou staark vun deem

kënschtleche Liicht ugezunn, wéi vun engem Staubsauger. Si knuppen an, verbrenne sech oder sinn dätsch a falen erof. Vill Nuetspäiperleken, déi soss Planze bestäube géifen, maachen dat doduerch net méi. Sou hunn och d’Planzen een Nodeel duerch ze vill onnëtz Luucht an der Nuecht. Zum Beispill d’Vullen: Ganz Schwäerm vu Vulle kënnen an hell beliichten, grouss Gebaier oder Tierm arennen oder duerch déi vill Luuchten d’Orientéierung verléieren. Dofir gëtt op ville Plazen an där Zäit, wou de Vullenzuch ass, d’Geliits ausgeschalt, fir datt dat net méi passéiere kann.

Zum Beispill d’Fliedermais: Nuets gi vill Gebaier, wéi z.B d’Kierche vu Spotte beliicht. Wéinst der Beliichtung vum Agang vun hirem Quartéier (Fliedermais wunnen dacks um Späicher vun de Kierchen) fléie vill Fliedermais ze spéit eraus op d’Juegd, well si mengen, et wier nach hell. Si friessen doduerch ze wéineg an hunn dann och Problemer, fir genuch Mëllech fir hir Kleng ze hunn. Zum Beispill de Mënsch: Zevill kënschtlecht Liicht stéiert eisen Dages-Nuets-Rhythmus a mir leiden ënner Schlofstéierungen.

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

27


Déi grouss Rees All Joer am Hierscht maachen d’Zuchvulle sech op d’Rees an de Süden.

Äddi bis am Fréijoer. Ech wäert iech vermëssen!

28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Mir Schmuewele friesse Mécken. A well et am Wanter keng hei ginn, fléie mir bis an Afrika.

Firwat bleiwen d’Zuchvullen net dat ganzt Joer bei ons? Am Wanter fanne si bei ons näischt méi ze friessen (et si keng Insekte méi do) an dofir fléie si an de Süden. Et ass also net, datt et hinnen am Wanter bei ons ze kal wär.

De Schwaarze Storch Johanna ass vu Lëtzebuerg bis an de Burkina Faso an Afrika geflunn an huet a Spuenien, am Marokko an am Mali Rascht gemaach.

Wéini wëssen d’Vullen, datt et Wanter gëtt? Mir Wäissstorchen hunn e Gewiicht vun 3,5 kg. Op eiser Rees an Afrika (4.700 km!!) verbrauche mir ongeféier 3 kg Fettreserven als «Benzin». Klor, datt mir genuch friesse mussen, fir dat ze iwwerstoen!

Am Hierscht, wann d’Deeg méi kuerz ginn, ginn d’Vullen onroueg. Si friesse ganz vill, fir genuch Energie fir hir Rees ze hunn. Ënnerwee brauche si och nach genuch Raschtplaze mat vill Fudder, well et gi Plazen, wou et näischt ze friesse gëtt (z. B. iwwer dem Mier an der Wüst). TEXT: CLAUDE HEIDT I

29


Wéi fannen d’Zuchvullen de Wee? D’Zuchrichtung ass de Vullen ugebuer. Déi Zuchvullen, déi am Dag fléien (Schmuewelen, Storchen) orientéiere sech un der Sonn. Dofir musse si de Stand vun der Sonn fir all Dageszäit kennen (moies geet d’Sonn am Osten op, mëttes steet si am Süden an owes geet si am Westen ënner).

Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt mir Zuchvulle sou eppes wéi eng Auer bannen am Kapp hunn.

Wäissstorch

Polarstär Polarstär

Teissel

Klenge Won klenge Won

Grousse Won

grousse Won

30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

Kuck an de Stärenhimmel: wann s du dir eng Linn denks vum Grousse Won bis bei den Täissel vum klenge Won, dann hues du de Polarstär fonnt, deen e bësse méi hell liicht, wéi déi Stäre ronderëm.

Ro

utb rë

Aner Vulle fléien nuets (wéi d’Routbrëschtchen an d’Inten). Si orientéiere sech um Polarstär, e Stär, deen zu all Joreszäit am Norde steet. Do stellt sech awer e klenge Problem: südlech vum Äquator ännert sech de Stärenhimmel (de Polarstär ass net méi ze gesinn). Wouru si sech duerno orientéieren, gëtt nach erfuerscht.

sc

htc h

en


Erdachs

Wann d’Sonn oder d’Stären (bei schlechtem Wieder) net ze gesi sinn, kënne sech d’Vullen un de Magnéitfelder vun der Äerd orientéieren. De Magnéitkompass ass bei de Vullen am rietsen A. Wéi e genee funktionnéiert, gëtt nach erfuerscht.

Awer och Bierger, Baachen, Mierer an Uertschaften hëllefen den Zuchvullen, fir de Wee ze fannen. Dat erklärt, firwat d’Schaaschtegschmuewelen all Joer am selwechte Stall bréien.

magnéitesche Südpol

geografeschen Nordpol

geografeschen Südpol

Raschten ënnerwee bei engem Séi, wou et vill ze friesse gëtt.

magnéiteschen Nordpol

Firwat bleiwen d’Zuchvullen dann net an Afrika? Am Norde ginn et am Summer masseg Insekten. D’Zuchvullen, déi am Fréijor zréck an ons Géigende kommen, fannen also genuch ze friesse fir sech an hir Jonk. Am Süden ass an der Brutzäit d’Konkurrenz fir d’Insekte ganz grouss an et ginn do och méi Feinden. Dofir kommen d’Zuchvulle bei ons zréck a maachen 2 Mol am Jor déi geféierlech Rees.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

31


Wéi gouf erausfonnt, wou d’Zuchvullen iwwerwanteren? Fréier hunn d’Leit gemengt, d’Zuchvulle géifen e Wanterschlof halen, wéi d’Fliedermais, déi jo och laang Zäit fir Vulle gehal gi sinn. Réischt virun 100 Joer hunn d’Wëssenschaftler den Zuchvulle Réng un d’Patten ugedo an domat d’Rätsel vum Vullenzuch geléist. Déi Réng si ganz kleng a liicht an dofir hënnere si d’Vullen net.

D’Vullenexperte wëssen, wéi si eis upaken! Dat deet eis guer näischt! Schick, mäin neie Rank!

ank vun R e it ä s e Sou g o ull aus. D engem V ra ummer d ass eng N déi Plaz, an gedréckt ënnt. e Rank k d u o w u v

Wat man ech, wann ech e Vull mat engem Rank fannen?

Fir de Vullenzuch besser ze erfuerschen ass all Informatioun vu beréngte Vullen immens wichteg.

32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

Schreif d’Ranknummer, den Datum an d’Plaz, wou s du de Vull fonnt hues, op en Ziedel a schéck dat Ganzt mat denger Adress un: Claude Heidt ‘natur musée’ 25 rue Münster L-2160 Lëtzebuerg. Soubal erausfonnt ginn ass, wou de Vull beréngt gouf, kriss du dës Informatioune geschéckt (dat dauert dacks e puer Méint).


Hunn déi Leit näischt Besseres ze dinn, wéi ons auszespionéieren?

Erfuerschung vum Vullenzuch mat Satelliten Fir de Vullenzuch nach besser ze erfuerschen, kréie verschidde Vulle Senderen ugedo. Déi gesinn aus, wéi e Rucksak mat enger Antenn. Dëse Sender schéckt Signaler un e Satellit a sou weess een zu all Moment, wou de Vull grad drun ass, a souguer, wat e mécht (flitt oder rascht).

Schwaarzstorch Mat spezielle Programme kënnen d’Vullefuerscher déi ganz Informatiounen am Computer kucken an ënnersichen an domat no Fluchrouten oder Raschtplaze sichen.

Jo, a Südeuropa gi vill Vullen ofgeschoss a gi mol net giess.

Geforen ënnerwee D’Gefore fir d’Zuchvulle sinn d’Zerstéierung vu Fiichtgebidder (= hire Restaurant) an d’Juegd a Südeuropa (Frankräich, Italien, Zypern, Malta).

iss Schéi Gré a! aus Afrik

Johanna

chen Panewipp ’ sée ‘natur mu g Lëtzebuer TEXT: CLAUDE HEIDT I

33


Wéi eng Heck ass dat? Elo am Hierscht liichten d’Hecken an hir Friichte schéi faarweg.

De Panewippchen hëlleft dir mat dëse Froen erauszefannen, wéi d’Hecken heeschen. Huel e Bestëmmungsbuch, do kammoud Schung un a maach dech op de Wee.

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Wéi eng Faarf hunn d’Friichten? sch w a

ra n g e

2 Wéi eng Form hunn d’Friichten? ova

Hielenter

l

ro n n

Hieselnëss

ong

o

br

Vullekiischten

arz

bl o

ro ut

-

1

Spackelter

kuckd’Friichten

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

35


kuckd’Blieder 1

Mullebutzen

Wéi eng Form huet d’Blat?

längelzech wéi en Häerz wéi eng Hand zesummegesat

2 Wéi eng Form huet de Bord vum Blat?

glat

gezackt

gewellt

kuckd’Äscht Hunn d’Äscht Picken? Jo

Nee

Reif e Blat tëscht de Fanger. Huet et e besonnesche Geroch? _______________________ _______________________ 36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016

Schléiwen

Hielenterblat

Hieselterblat


Hues du erausfonnt, wéi eng Heck et ass? Wäissdar Weißdorn,

aubépine, hawthorn, Crataegus Friichten, Mullebutzen: Rout a ronn Blieder: Wéi eng Hand, Bord gewellt Äscht mat Picken

Vullekiischtebam

Eberesche, sorbier des oiseleurs, rowan, Sorbus aucuparia Friichten, Vullekiischten: Orange a ronn Blieder: Zesummegesat, Bord gezackt Äscht ouni Picken

Heckerous Hundsrose,

églantier,dog rose, Rosa canina Friichten, Spackelter: Rout an oval Blieder: Zesummegesat, Bord gezackt Äscht mat Picken

Schwaarzen Hielenter

Schwarzer Holunder, sureau noir, black elder, Sambucus nigra Friichten, Hielenterbieren: Blo-schwaarz a ronn Blieder: Zesummegesat, Bord gezackt Äscht ouni Picken

Schléiwendar Schlehdorn,

prunellier, blackthorn, Prunus spinosa Friichten, Schléiwen: Blo-schwaarz a ronn Blieder: Längelzech, Bord gezackt Äscht mat Picken

Hieselter Haselnussstrauch,

noisetier, common hazel, Corylus avellana Friichten, Hieselëss: Brong an oval Blieder: Wéi en Häerz, Bord gezackt Äscht ouni Picken

Rubbel hei e Blat mat enger Wuessfaarf of. … nach am Bestëmmungsbuch nogekuckt.

Numm vun dengem Strauch: ______________________________________ TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

37


' W anterlann d

Winterlinde, tilleul Ă petites feuilles, small-leaved lime, Tilia cordata

38 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


6

B

vu am m lann D’Wanterlann ass r e t n zum Bam vum Wa Joer 2016 gewielt Joer 201

ginn. All Joer gëtt e Bam gewielt, fir op hien opmierksam ze maachen a sech besonnesch mat him ze beschäftegen.

Dofir kucken och mir eis d’Lann mol méi genee un: D’Wanterlann, ka bis 40 m héich an 1000 Joer al ginn an e besonnesch décke Stamm kréien. Déi éischt Joren ass d’ Schuel vum Stamm nach glat, dono gëtt se awer ëmmer méi raddereg. Dat hellt, mëllt Holz vun de Lannen ass ganz beléift fir ze schnëtzen.

D’Bléie vun der Wanterlann kann een am Juli scho vu wäitem richen. Mat hirem wonnerbar séissen Doft lackele si dausende vu Beien un. Déi maachen domat de leschten Hunneg fir d’Saison.

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

39


Goldegiel Hierschtblieder

Hir häerzfërmeg Blieder maache si a ville Geschichten a Lidder zum Bam vun de Verléiften. Am Hierscht ginn hir Blieder goldegiel. A villen Dierfer stoung fréier an der Mëtt eng déck, al Lann, bei där gedanzt a gesonge gouf. Bei der «Lann» war dacks eng wichteg Versammlungsplaz, wou d’Leit sech begéint si fir wichteg Saachen ze schwätzen.

Probéier aus: Lannepropeller: Gehei een zeidege Fruuchtstand (Droblat mat de Lannennëssercher) an d’Luucht a kuck wéi et eroffällt!

40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


Probéier d’Schuel vun engem Lannenäschtchen ze léisen (geet ganz gutt mat engem Spuerschieler). Kraz déi iewescht Schicht vun der Schuel erof an da kanns du de Bast

erkennen, dee ganz zolitt ass a schwéier ze zerreissen. Fréier gouf dee Bast geholl fir ze bannen, ze flechten a fir Seeler ze dréinen.

Lannebléientéi: Zu alle Joreszäiten ass de Lannebléientéi e gudden a gesonden Duuschtläscher. Bei Erkältungen deet e schweessen a berouegt.

Op 4 Iessläffel Lannebléieblieder a 4 Iessläffel Melisseblieder 1 Liter kache Waasser schëdden an 10 Minutten zéie loossen. Dono siften. Eventuell mat Lannebléienhunneg séissen.

Hei e besonnesch gudde Schloftéi:

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

41


Schnëtze mat Lannenäscht ielte e puer gescht Lannenäsch qwertzu

eng Feil

e Knäipchen

e Stéck Schläfpabeier

Zeechen eng Spira l op däin hëlzenen Aascht.

du den z t ë n h c s e ch Mam Knäip Strécher no … opgemoolte

Spiral i é h c s i é d .… bis du en Hunneg gutt hues, wou dfen. Mam kann eroflaeier kanns Schläifpab zt nach glat du dat Gan schläifen.

42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2016


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

Pass och hei gutt op deng Fangeren op!!

Knäpp

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité:

ielte e puer gesch scht Lannenä

S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.

Schneit mat engem Fuusseschwanz (See) deng Äscht an 1/2 cm déck Tranchen.

Texter:

J. de la Gardelle, S. Goerens, M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, M. Kirsch, J.-P. Majerus, M. Schaltz.

Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S2 Hannergrond: ©shutterstock, Eschenspanner: Nelly Erang, Vullenhaus: mnhn S4-7 orange Séistär: Tato Grasso, aner: mnhn S8-9 Guy Kersch S16 Einstein: F Schmutzer, Dali: Allan Warren, Morpheus: shakko S17 mnhn S21 mnhn S22-24 Siesta: Salah dastirax, Siesta Kazen: Markoz, aner: Jacqueline de la Gardelle S26 shutterstock S28 mdk09 S29 shutterstock S30 Storchenfluch: Henrike Mühlichen, Storch: Richard Bartz, Routbrëschtchen: Jang Schock, aner: shutterstock S31 Vullen Silhouette: Andreas Trebte, Vullenzuch Séi: VZFallmigrationUSFishandWildlifeService S32 Beréngung uewen an Opschreiwen: Julio Reis, aner: mnhn S33 Schwaarzstorch: Patrick Lorgé, Computerbild: Gerard M, Jeeër: shutterstock S34 shutterstock S35 Hieselter: mdk09, aner: mnhn S36 Wäissdar: Frank Vincentz, aner: mnhn S37 mnhn S38-39 shutterstock S40-41 Lanneblat: Ptelea, Lannepropeller: Didier Descouens, grouss Foto Lann a kleng Foto giel Blieder: shutterstock, aner: mnhn S42-43 mnhn

er Buer 2 Läch n. dra

Schläif nach a e bësse glat, n fäerdeg sin . deng Knäpp

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture - Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures - Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

TEXT: SABINE GOERENS

I 43


FamilljeFEST vum ‘natur musée musée’

25. September 2016 12.00-18.00 Auer

zu den n e r e li te A n a r le il p S mwelt. Themen Natur an Ë Wou: ronderëm den ‘natur musée’ an Neimënster am Stadgronn

AN ZESUMMENAARBECHT MAT:

op programm s r e li te A Kuck den B.LU NDA-CLU WWW.PA

Imprimerie WEPRINT

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
De Panewippchen 3/2016 by Musée national d'histoire naturelle - Issuu