Skip to main content

Pousterplagedef

Page 1

Méiwen, Möw

e, mouette, gull, Laridae

all G , e ip mon sn m o c , s i a r a e des m n i s s a c é ,B ekassine B , n i s s a Bek

s, Ei

dle r

ib kri

Ei

ns

ie

ie

rebs, bernard -l ’e r

m

ite, hermit cra

Pagurus bernhard us b,

ns

rk dle

ago n i l l a og g a in

Kreeselschleek, Kreiselschnecke, top snails, Trochidae Séiouerschleek, Seeohr, oreille de mer, abalone, Haliotis

DE PANEWIPPCHEN 2/2016


Schatzkëscht Strand

Bernsteen Fossiléierten Haarz vun Urzäitbeem, och heiansdo mat engem Urinsekt dran. Fënnt een alt mol un Ostséistränn. Bernsteen gëtt als Schmocksteen genotzt.

Jelliskäpp

Séitang oder Tang Gehéiert zu den Algen a wiisst um Mieresbuedem an un de Fielswänn ënner dem Waasser. Am Géigesaz zu aneren Algen, déi wéi Fiedem ausgesinn, gesäit de Séitang e bëssi wéi gebeemten Zalot aus. Hien huet och op deenen eenzele „Blieder“ Verdéckungen, déi sougenannten Algekierper.

Muschelen Um Strand fanne mer eng sëllege Muschele vun alle Gréissten a Faarwen. Si waren eemol d’schützend Schuel vun engem Muscheldéier, dat am Mier lieft a sech do vu *Plankton ernährt huet. Wa se um Strand leien, si se normalerweis eidel, well d’Muscheldéier vun engem Mieresbewunner oder engem Vugel gebufft gouf. Eidel Schleekenhaisercher kënnen, wa se um Strand leien, d’Haische vun z. B. engem Einsiedlerkriibs ginn. *Plankton si kleng Liewiesen, déi am Waasser liewen a mat der Stréimung weiderschwammen. Et gëtt Plankton a ville verschiddene Formen, awer si sinn all sou butzeg kleng, datt een déi meescht mam bloussen Aen net erbléckse kann.

Jelliskäpp sinn Déieren, déi zu 98 % aus Waasser bestinn. Si hunn e Kierper, dee sech mëll a glëtscheg ufillt a laang Äerm, déi sougenannt Tentaklen. Opgepasst! Un den Tentakele si kleng Nesselzellen, déi mat Gëft gefëllt sinn an de Jelliskapp benotzt déi, fir op d’Juegd ze goen oder awer sech ze verteidegen. Kënnt en Déier, z. B. e Fësch, mat den Tentakelen a Beréierung, da platzen déi kleng Nesselzellen op an d’Gëft gëtt erausgeschoss. De Fësch gëtt duerch dat Gëft gelähmt a kann dann an aller Gemittsrou vum Jelliskapp gejickt ginn. Och fir de Mënsch ass dëst Gëft net ongeféierlech!

Uelegklompen Heinansdo begéint ee klenge pechege schwaarze Klompen, déi een zimlech einfach verbéie kann. Dat si Klompe vu Schwéierueleg, deen aus engem Schëff ausgelaf ass, am Waasser verklompt an duerno iergendwann un d’Küst ugeschwemmt gouf. Et muss ee wëssen, datt déi riseggrouss Schëffer, wéi Tankoder Containerschëffer an och d’Croisièresschëffer nach ëmmer Schwéierueleg tanken, fir hier Motore lafen ze loossen. Et ass zwar bëlleg, awer fir d’Natur an d’Emwëlt eigentlech eng Katastrof.

Séibäll Séibäll si kleng fasereg Bäll, déi een um Strand fënnt. Si bestinn aus Séigras, dat duerch d’Beweegung am Hin an Hier vun de Wellen zu enger klenger ronner Graskugel geformt ginn ass.

Dreifgidder Schwemmholz oder Dreifholz Dës Holzstécker sinn entweder vun engem Schëff erof an d’Mier gefall oder awer vum Land aus vum Mier mat fortgeholl ginn (futtise Steg, ofgebrachen Äscht oder Beem…) an op enger aner Plaz nees ugeschwemmt ginn. Schwemmholz ass vun de Welle schéi glat geschlaff an dacks ganz liicht. Et loosse sech domat immens schéi Saache bastelen.

Steng Fiederen

Schleeken Am Mier liewen eng ganz Rei Schleeken, vun alle Faarwen a Formen, mat oder ouni Haiser. Et ginn der, déi Alge friessen, anerer friessen éischter doudegt Gedéiesch um Mieresbuedem oder awer si ginn op d’Juegd. Eng Rei vun hinne fënnt een och op de Menuskaarte vun de Restauranten um Strand erëm (z. B.: bigorneau = Strandschleeken).

Um Strand fënnt ee leider och vill Offall, dee vum Mier ugeschwemmt gëtt. Dëst si virun allem Saachen, déi vun de Schëffer um oppene Mier entsuergt ginn oder awer sech bei engem Stuerm vun de Schëffer lassgerappt hunn. Dat sinn dacks Stécker vu Fëschernetzer, Bojen, al Bidonen, Planen. Dëse ganzen Offall ass e grousse Problem fir d’Déieren, déi am oder um Mier liewen; si kënne sech dra verfänken an erdrénken oder awer si schlécke Stécker dovunner of an erstécken drunn.

Um Mier an um Strand fënnt een eng sëllegen Zorte Vigel, wéi d‘Sëlwerméiw, d‘Mantelméiw, d‘Laachméiw, d’ Strandleefer, den Austerefëscher, de Steewälzer an d‘Bekassin.

Et gëtt se an alle Faarwen, Gréissten a Formen. Si hunn awer alleguerten eppes gemeinsam: si si vum Waasser an de Welle ronn geschlaff ginn. Et si bei wäitem déi eelste Stécker, déi mir um Strand fanne kënnen, Millioune Joer al. Am nërdlechen Europa goufe si vun de Gletscher mat an d’Mier transportéiert an haut kënne mir se un de Stränn erëmfannen. Et fënnt een eng sëllegen Zorten, wéi z. B. Kallek, Schifer, Granit an esouguer Feiersteen.

Vill Spaass beim Entdecken! DE PANEWIPPCHEN 2/2016 I TEXT: MIKE HAGEN


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Pousterplagedef by Musée national d'histoire naturelle - Issuu