



Déifséimonsteren
Déifséimonsteren Steenzäitjuegd Steenzäitjuegd
![]()




Déifséimonsteren
Déifséimonsteren Steenzäitjuegd Steenzäitjuegd
Sonndeg, de 14. September 2025
Lëtzebuerg


E Fest fir d’ganz Famill iwwer d’Natur, de Weltall, d’Déieren an d’Planzen. Masseg Atelieren a Spiller fir d’Kanner, Neies aus der Fuerschung an den naturwëssenschaftleche Sammlunge fir déi Grouss.
vu 11.00 bis 18.00 Auer ronderëm den Naturmusée an neimënster




Lëtzebuerg
Samsdeg, de 4. Oktober 2025
Mir liesen d’Buch «Der neugierige Garten» vum Peter Brown
De Liam, e virwëtzege Jong, entdeckt e vernoléissegte
Gaart an entscheet sech, sech ëm deen ze këmmeren. Mat der Zäit kënnt de Gaart zum Liewen a verwandelt sech an eng üppeg, gréng Welt. Eng magesch Geschicht iwwer den Dram vun engem Jong. am Naturmusée:
10.30 op Lëtzebuergesch 11.15 en français
12.00 in English
Dominique Schauss


Samsdeg, den 22. November 2025
Sonndeg, den 23. November 2025
Lëtzebuerg


22-23 NOV. 2025 science-festival.lu

Naturmusée & Neimënster Luxembourg-Grund
Masseg Experimenter a Wëssenschafts-Showe fir Grouss a Kleng.
vun 10.00 Auer bis 18.00 Auer am Naturmusée an am neimënster

En partenariat avec :
gratis



Lëtzebuerg
Samsdeg, den 20. Dezember 2025
Mir liesen d’Buch «De Leo an den Oktopus» vum Isabelle Marinov.
De klenge Leo, deen Autismus huet, begéint enges
Daags am Aquarium den Oktopus Maya. Si léiere sech geigesäiteg besser kennen a mat der Zäit entsteet eppes
Formidabeles: den Ufank vun enger Frëndschaft.
am Naturmusée: 10.30 op Lëtzebuergesch 11.15 en français 12.00 in English
Dominique Schauss


Dënschdeg, den 23. September 2025


Buerglënster
Den Hierscht huet ugefaang an am Bësch as den Dësch räich gedeckt. Mir man eis op d’Sich no wëlle Friichten a Kraider a kachen eis doraus en Téi, deen eis fir de Wanter stäerkt.
um 14.30 Auer zu Buerglënster (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro




Lëtzebuerg
Mir ginn an de Bongert, luusse wat do wiisst a wien do wunnt. Mir rafen a schmaachen déi séiss
Friichten a pressen eisen eegene Viz.


um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Dominique Schauss 5 Euro

Dënschdeg, den 30. September 2025
Donneschdeg, den 2. Oktober 2025

Donneschdeg, den 23. Oktober 2025
Dënschdeg, den 28. Oktober 2025


Mir kloteren, bauen Hütten, entdecke Bamgeeschter a maachen zesumme spannend Spiller am Bësch.
um 14.30 Auer zu Biissen (zeréck: 17.00 Auer)
Dominique Schauss






Lëtzebuerg
Mir dauchen an déi ganz déif
Mierer erof a begéinen do allerhand grujeleg Kreaturen, déi mir e bëssi méi genee ënner d’Lupp huelen.
Dënschdeg, de 4. November 2025
Mëttwoch, de 5. November 2025
um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro


Dënschdeg, den 2. Dezember 2025
Donneschdeg, de 4. Dezember 2025


Lëtzebuerg
Mir fléie mat der Rakéit op de Mound. Mir kucken ons e bëssen do ëm a kommen duerno erëm zeréck an den Naturmusée.
um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro







Schiltzbierg
Mir strummen duerch de Bësch op der Sich no deene mam Hutt. Duerno kache mir si um Lagerfeier a loosse se ons gutt schmaachen.
Dënschdeg, de 14. Oktober 2025
Donneschdeg, de 16. Oktober 2025
um 14.30 Auer
um Schiltzbierg (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich, Mike Hagen 5 Euro


Donneschdeg, den 11. Dezember 2025
Samsdeg, den 13. Dezember 2025
Misärsbréck


Mir schläiche laanscht

d’Sauer a sichen no Spuere vum Biber. Vläicht erbléckse mir souguer seng Buerg! Komm mat an entdeck dëse faszinante Bewunner vu Lëtzebuerg!
um 13.30 Auer op der Misärsbréck (zeréck: 16.00 Auer)
Dominique Schauss 5 Euro



Buerglënster

Den Hierscht huet ugefaang an am Bësch as den Dësch räich gedeckt. Mir man eis op d’Sich no wëlle Friichten a Kraider a kachen eis doraus en Téi, deen eis fir de Wanter stäerkt.
Donneschdeg, de 25. September 2025


um 14.30 Auer zu Buerglënster (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro


Dënschdeg, de 7. Oktober 2025
Dënschdeg, den 21. Oktober 2025


Lëtzebuerg
Zesumme mam
Botaniker Thierry gi mir d’Planzesammlung vum Musée kucken, wou et iwwer 100.000 gedréchent Planzen ze gesi gëtt. Duerno baue mir selwer eng Planzepress, déi s du kanns mat Heem huele fir deng eege Sammlung unzefänken.
um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich






Buerglënster
Ob giel, rout oder brong, am Hierscht weist sech de Bësch vu senger faarwegster Säit, mä wisou iwwerhaapt? A wouhi verschwannen eigentlech all déi Blieder déi falen? Mir maachen eis op d’Sich no Äntwerten.
den 30. Oktober 2025
um 14.30 Auer zu Buerglënster (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro


Dënschdeg, den 11. November 2025
Donneschdeg, den 13. November 2025


Buerglënster
Wéi hunn d’Urmënschen dat gemaach fir Déieren ze fänken? Mir testen eist Geschéck am Joen a Falestelle wéi an der Steenzäit.
9-10 Joer
um 14.30 Auer zu Buerglënster (zeréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro






Lëtzebuerg
Mir maache kniwweleg
Gedoldsspiller a Rätselen. Hei kanns du dech testen!
Dënschdeg, den 18. November 2025
Donneschdeg, den 20. November 2025
um 14.30 Auer am Naturmusée
(zeréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro


Dënschdeg, de 25. November 2025


Lëtzebuerg
Selwer Experimenter maachen um Science Festival
um 13.45 Auer am Naturmusée (zeréck: 16.15 Auer)
Christiane Flesch (Igel) gratis






Lëtzebuerg
An dësem Atelier entdecks du d’Geheimnisser vum Liicht! Firwat ass eis Welt esou schéi faarweg? Wéi entsteet eigentlech e Reebou? Wat geschitt, wann d’Liicht gebrach gëtt?
A wéi kënne mir d’Liicht selwer mëschen? Mat flotten Experimenter fënns du d’Äntwert op dës a vill aner spannend Froe selwer eraus! um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Nadia Battello, Joëlle Schmit 5 Euro

Dënschdeg, den 2. Dezember 2025
Donneschdeg, den 11. Dezember 2025

Dënschdeg, de 16. Dezember 2025
Donneschdeg, den 18. Dezember 2025


Lëtzebuerg
An dësem Workshop entdecks du d’Wëssenschaften an der Kichen! Mir mëschen, kachen, fréieren a schmëlzen, bis (hoffentlech) richteg lecker Experimenter erauskommen.
um 14.30 Auer am Naturmusée (zeréck: 17.00 Auer)
Nadia Battello, Dominique Schauss 5 Euro




Léisung:
Den Här Markollef huet säi
Costume um Krop Nummer 1 opgehaang.
Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir ee
Gewënner gezunn: et ass de
Felix Huberty
vu Biissen.
Mir gratuléieren!


Séistär Picasso Fësch Séinol Séikornichong
Kanns du eis dës Mieresbewunner weisen?
Däin Numm:
Deng Adress:
Schéck deng Äntwert un:
Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu


Umeldung:
Fir dech unzemellen, benotz wgl. de follgende Link: https://booking.mnhn.lu/lb-lu/booking
Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail.
Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzerkont op booking.mnhn.lu kucken.
E-Mail: panda-club@mnhn.lu
scan mech
online Umeldung a komplette Programm


Gëff Member:
Du bass interesséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den

Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.
Als Member kriss du reegelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.
D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen: Panda-Club tel: 462233-312