Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen N°89 4/2009
tt op chlo De Panewippchen gë
rfräi gebleechte Pabe
ier gedréckt.
Dës Nummer gouf gemaach an Zesummenaarbecht mam Ministère de la Santé, Division de la Médecine préventive et sociale
‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusée.lu www.panda-club.lu
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture - Musée national d’histoire naturelle - ‘natur musée’ Ministère de la Famille et de l’Intégration - Service National de la Jeunesse Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts - Administration de l’Environnement Ministère de la Santé Ministère de l’Intérieur et à la Grande Région, Administration de la gestion de l’eau Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
er o j e i 9 m 0 o 0 2 tron s A Den Universum – Och du kanns en entdecken 2009 ass internationalt Joer vun der Astronomie
Viru 400 Joer huet de Galileo Galilei fir d’éischt de Stärenhimmel an d’Planéiten duerch en Teleskop beobacht. Fir dat ze feieren, ass d’Joer 2009 zum internationale Joer vun der Astronomie erkläert ginn.
Bis elo ass nach kee Planéit entdeckt ginn, deen esou wéi d’Äerd ausgesäit.
Exoplanéit Stär
Stär Exoplanéit
dat hei si keng Fotoen, mee gemoolte Biller
Stär
Eng aner Method fir en Exoplanéit ze entdecken nennt een „Routverschiebung“: Wann e Planéit (deen een net gesäit), ronderëm e Stär dréint, da beweegt sech de Stär och e bëssen hin an hir. Mol beweegt e sech e bësse vun der Äerd ewech, mol beweegt e sech e bëssen op d’Äerd zou. Wann een elo genee d’“Faarf“ vum Stär analyséiert, gesäit een, datt, wann de Stär sech ewech beweegt, seng Faarf e bësse méi rout ausgesäit, wann en op eis duer kënnt, ass e méi bloelzech. Duerch déi Verschiibung vun der Faarf erkennt een, datt de Stär een oder méi Planéiten huet. Stär
Äerd
Exoplanéit
Exoplanéit
Exoplanéiten?
Mir schwätze bei deene Planéite vun Exoplanéiten (oder extrasolar Planéiten).
Eng Method fir en Exoplanéit kënnen ze fannen ass de „Planéitentransit“:
Déi meeschten Exoplanéite sinn awer ganz anescht wéi ons Äerd.
Et kuckt een e Stär laang genuch an et hëlt ee seng Liichtstäerkt op. Wann em dee Stär elo e Planéit dréint a wann deen da viru seng Sonn kënnt, dann erkenne mir, datt d’Liichtstäerkt ganz liicht erofgeet, well de Planéit jo da seng Sonn verdeckt. Esou fanne mer dann eraus, datt do e Planéit ass.
Et schwätzt een haaptsächlech vu „waarme Jupiteren“ well déi Exoplanéiten enorm déck sinn (méi déck wéi eise Jupiter) an och ganz no bei hirem Stär an dofir och enorm waarm sinn. Dofir kann do och kee Liewen entstane sinn.
16
Text: Eric Buttini
Stär
Esou Planéite kann een net direkt gesinn. Dofir muss een, mat Hëllef vu ganz groussen Teleskopen, d’Liicht analyséieren, dat d’Stären a Richtung vun eiser Äerd ausstralen.
Exoplanéit
Zäit
Stär
Liichtstäerkt
Am Joer 1995 ass den éischte Planéit entdeckt ginn, dee sech em en anere Stär (en anere wéi eis Sonn) an eiser Mëllechstrooss dréint. Haut kenne mer mëttlerweil ronn 400 verschidde Planéiten, déi ronderëm verschidde Stären aus eiser Mëllechstrooss dréinen.
Wéi entdeckt een esou
Liichtstäerkt
Wat sinn Exoplanéiten?
Exoplanéit
Zäit