Zesummen an der Natur



![]()



Een Ausfluch mat der Klass ka fir d'SchülerInnen ee besonnescht Erliefnis sinn. An deem Kader bitt d'FNEL an hirem Scouts Center Misärshaff neierdéngs den Aktivitéitsprogramm „Zesummen an der Natur“ un. An engem nonformelle Kader kann de Grupp zesummen een Dag an der Natur verbréngen an ënnerschiddlech Naturerfarungsan Ëmweltaktivitéite buchen. Mir leeë Wäert op d'Scoutstechniken, mat all de Sënner d'Natur ze entdecken an ze erliewen, an dobäi relevant Erfarunge fir sech selwer kënnen ze maachen.
Dës Aktivitéite riichten sech haaptsächlech wärend de Schoulwochen u Schoulklassen. Kanner- a Jugendorganisatiounen, déi eng Iwwernuechtung um Misärshaff geplangt hunn, kënnen och vun dësem Programm profitéieren. Fir eng flott an dynamesch Aktivitéit kënnen ze garantéieren, sinn d'SchülerInne wéi och d'Enseignanten aktiv an de Programm agebonnen.
Momentan bidde mir d'Aktivitéite wärend dem 1. an 3. Trimester, jeeweils méindes, mëttwochs oder freides un. Eis Aktivitéite fannen ëmmer ganzdaags vun 9:00-15:00 Auer statt (adaptéierbar un d'Dauer vun der Un- an Ofrees).




Thema: Zesummen als Klass verschidden (Natur-)Challenges léisen
Zilgrupp: 7ème-5ème + C4 (3. Trimester)
Zäitraum: September bis Allerhellegevakanz an 3. Trimester
Käschten: 15 € pro SchülerIn (Mëttesiessen ass mat dran)



Thema: D'Joreszäiten an der Natur entdecken
Zilgrupp: C1, C2, C3
Zäitraum: 1. + 3. Trimester
Käschten: 10 € pro SchülerIn (Picknick selwer matbréngen)
Wat gëtt d'Natur eis an deene verschiddene Joreszäiten hir?
Jee no Saison ginn ënnerschiddlech Atelieren ugebueden. Ënner anerem gëtt um Feier gekacht, geschnëtzt, d'Natur entdeckt oder mat Naturmaterialie gebastelt.




Thema: Aktivitéiten zur Solarenergie a Waasseraktivitéiten
Zilgrupp: C3.2, C4, 7ème
Zäitraum: 3. Trimester
Käschten: 10 € pro SchülerIn
(Picknick selwer matbréngen)
Wat kann d’Sonn oder d’Waasser fir eis maachen? Wéi kënne mir d‘Kraaft/Energie vun der Sonn oder dem Waasser an eisem Alldag notzen? Unhand vun Experimenter kucke mir, wéi een Impakt d’Sonn oder d’Waasser op eist Liewen huet. Jee nodeems wéi d’Wieder den Dag selwer ass, dréinen sech d’Aktivitéiten haaptsächlech ëm d’Sonn oder d’Waasser.




Thema: De Biber kenneléieren
Zilgrupp: C1, C2, C3
Zäitraum: 1. + 3. Trimester
Käschten: 10 € pro SchülerIn (Picknick selwer matbréngen)
Wou a wéi lieft de Biber? Wat ësst en a wéi iwwerbréckt hien de Wanter? Wéi eng Spueren hannerléisst de Biber? All dëse Froe gi mir wärend dem Dag op d’Spuer.



Thema: Mat ënnerschiddleche Sënner d'Natur entdecken
Zilgrupp: C1, C2
Zäitraum: 1. + 3. Trimester
Käschten: 10 € pro SchülerIn
(Picknick selwer matbréngen)

De méi kuerze Wanderwee „Natur pur“ (2 km) verleeft mëtten duerch ee landschaftlech ofwiesslungsräicht Naturschutzgebitt.
Mat de verschiddene Sënner entdecke mir d’Natur op ënnerschiddlech Manéieren.



Thema: Interaktiv Geschicht iwwert den Zéiwizéif an ee Kaweechelchen, dat Wanterrou hält
Zilgrupp: C1, C1.2
Zäitraum: November, Dezember
Käschten: 10 € pro SchülerIn
Mat der Optioun fir ee waarmt Mëttesiessen (Oppräis 5 €)

De Néckel Nëssknéckert huet fläisseg Nëss gesammelt, fir seng Wanterrou gutt kënnen ze iwwerbrécken. Enges
Daags fënnt de Néckel keng eenzeg Noss méi. Aner Déiere waren him zevirkomm. Beemol trëfft en awer op eng ganz gelonge Spuer mat engem séissen Doft …
Interaktiv Geschicht, zu där thematesch passend Aktivitéiten ugebuede ginn. Mir kucken eis déi verschidden Déieren un, wéi dës de Wanter verbréngen, ginn an de Bësch a kachen eppes um Feier.


Thema: Ënnerschiddlech Liewensräim entdecken
Zilgrupp: C4.2, 7ème-4ème
Zäitraum: ganzt Joer iwwer buchbar
Käschten: 50€ pro Grupp
(Ass géint een Oppräis och mat Begleeder buchbar.)

Zwëschent dem Burfelt an dem Misärshaff erstrecke sech op 10 km ënnerschiddlech Liewensräim.
Wéi eng Beem a Planze wuessen hei? Wéi eng Déiere liewen an deene verschiddene Liewensräim? Wat verroden eis eenzel Déieren a Planzen iwwert den Zoustand vum Bësch?
Verdeelt iwwer 11 Statioune kucke mir eis déi eng oder aner Plaz op eng interaktiv a spilleresch Aart a Weis méi genau un.
Déi heiten Aktivitéit kënnt dir och autonom mat Ärer Klass duerchféieren. Dat ganzt Material kritt Dir vun eis gestallt.
Dës Aktivitéit ass an Zesummenaarbecht mam CNF Burfelt entstanen.

Dir plangt eng Iwwernuechtung um Misärshaff? Dir wëllt verschidden Aktivitéite matenee kombinéieren? Oder just een hallwen Dag kommen?
Gäre passe mir d’Aktivitéiten un är Besoinen un.


Wat soll een op de Misärshaff matbréngen?
Mir wäerten den Dag gréisstendeels dobausse verbréngen, dowéinst dem Wieder no ugepasste Kleeder undoen. Waasserdicht Schong si vu Virdeel.
Bei verschiddenen Aktivitéite muss ee Picknick fir d'Mëttesstonn matbruecht ginn.
Dir wëllt méi wéi een Dag um Misärshaff verbréngen?
Iwwernuechtungen um Misärshaff sinn och méiglech. Weider Informatioune fannt Dir op eisem Internetsite www.misaershaff.lu oder schreift ee Mail un misaershaff@fnel.lu.
Mir freeën eis op Iech!



2010 krut de Misärshaff de SCENES-Label (Scout Centers of Excellence for Nature and Environment) an engagéiert sech domadder, sech aktiv fir d'Ëmwelt anzesetzen an dës ze schützen. Dëse Label gëtt vun der World Organization of the Scout Mouvement iwwerreecht.








Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg
Membre fondateur de l'Organisation Mondiale du Mouvement Scout

Kontaktpersoun fir d'Naturaktivitéiten
Lynn Kraus
Tel.: 26 480 450 -28
GSM: 621 180 849
E-mail: natur@fnel.lu



